RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 02/07/2018


Listen Later

Viru kuerzem ass am Häerz vun eiser Haaptstad e Monument ageweit ginn, fir un d’Deportatioun an un d’Exterminatioun vu Judden aus Lëtzebuerg ënner der däischterer Naziherrschaft ze erënneren. Déi héchsten Autoritéite vun eisem Land hunn sech op dëser Plaz verneigt virum Leed vu Mënschen, déi ënner schreckleche Konditiounen deportéiert an duerno ermuert gi sinn. Dës Kanner, Fraen a Männer sinn exterminéiert ginn, well se Judde waren, well se vun anere Mënschen als „Untermenschen“ qualifizéiert gi sinn.
Fir dës Mënschen - well et ware Mënschen a keng „Untermenschen“ - ze vergasen an duerno ze verbrennen, huet een hinnen fir d’éischt hier Eegenschaft als Mënsch missen ewech huelen, well et jo evident ass, an dat steet an all Gesetzbuch, dass et strofbar ass, Sengesgläichen ëmzebréngen. Fir d’Auteure vun der Shoah war et dofir wichteg, iwwer Joren ëmmer erëm hiere Matbierger anzetriichteren, dass de Judden hiert Liewe manner, oder guer näischt, wäert wier. Dës Entmënschlechung huet also fir d’éischt missen iwwert d’Sprooch an d’Käpp vun de Leit kommen. Et ass just duerch ëmmer erëm Widderhuele vun ale Viruerteeler a vun neie Scholdzouweisungen, wou dëse kriminelle Message eriwwer komm ass.
Ech zéien doraus d’Conclusioun, dass ee muss op de Sproochgebrauch oppassen, wéi op d’Mëllech um Feier.
Wat ech haut héieren a liesen, erschreckt mech ëmsou méi. An de sozialen Netzwierker an an de Kommentaren op groussen Internetsäiten, héiert een ëmmer méi en Discours, deen an eng albekannte Richtung geet. Wéi oft hunn ech gelies, dass Leit, déi aus dem Noen Osten oder aus Afrika an Europa flüchten, aus wéi enge Grënn och ëmmer, als “Dreck”, “Wouscht”, “Ongeziefer” oder wat och ëmmer bezeechent ginn? Wéi oft hunn ech héieren, dass Leit, déi op engem Schlauchboot sëtzen a risquéieren iergendwou am Mëttelmier ze erdrénken, net sollte gerett ginn? Wéi oft hunn ech gelies, dass mer eis Stroosse solle mat enger Kalaschnikow botzen?
Bei dëse graffen Discoure kommen nach e puer rezent Elementer dobäi, déi méi soft kléngen, awer genau sou schlëmm sinn. Dat wier zum Beispill eng total Verharmlosung vun der Naziherrschaft, déi gleichgesat gëtt mat iergendenger sougenannter Friemherrschaft vu fréier oder mat der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg am 18. Joerhonnert. En anert rezent Beispill ass genau sou ongeheierlech. Do gëtt den Ënnerscheed gemaach tëscht Lëtzebuerger a Leit, déi di Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Et géifen also Éischt-Klass Lëtzebuerger ginn, richteger, an anerer, déi dat net wieren. Mech erënnert dat un eng däischter Episode vun engem Gehilfe vun Nazidäitschland, nämlech dem franséische Regime de Vichy, deen enger Kategorie Leit déi franséisch Nationalitéit ewech geholl huet, well dës Persounen an hiren Aen ebe keng richteg Fransouse waren. Viséiert waren natierlech ënner anerem och d’Judden. Dës Andeelung a richteg a falsch Matbierger ass en éischte Schrëtt, fir duerno den ehemolegen Zweet-Klasse Bierger hier Eegenschaft als Mënsch ewech ze huelen.
De Grand-Duc huet a senger Ried um Festakt op eisem Nationalfeierdag zu engem respektvollen Ëmgang mateneen am Kader vun der nächster Walcampagne opgeruff. Dat ass richteg, mee et geet net duer. Mir mussen och zu engem respektvollen Ëmgang mat allen anere Mënschen erëm fannen an dat och an eiser Sprooch. Aner Mënschen als zweetklasseg Bierger oder esouguer als Dreck ze bezeechnen, an dat ëmmer erëm ze widderhuelen, ass den éischten decisive Schrëtt fir an eng Zukunft, déi dach staark enger däischterer Vergaangenheet gläicht.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners