RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 03/12/2018


Listen Later

Um spéiden Ufank vum 21. Joerhonnert si mer mat dräi grousse Froe konfrontéiert: (1) mat enger sozialer Fro vun wuessender Ongläichheet, (2) mat der ökologescher Iwwerliewensfro am Kontext vum Klimawandel an ëmmer méi knappe Ressourcen, a (3) mat enger kultureller Fro, déi eis verschidden Identitéiten an eist demokratescht Zesummeliewe betrëfft. Déi dräi Froen sinn enk matenee verbonnen. D’Léisung vun deene Problemer verlaangt eigentlech no engem déifgreifende Paradigmewiessel an der Politik. Et schéngt awer ëmmer méi schwéier, fir radikal Léisungen ze fannen, déi di Problemer och bei der Wuerzel paken. Amplaz, gewannen nationalistesch an autoritär Populisten ëmmer méi Unhänger an Europa, déi simplistesch Äntwerten op komplex Froen ginn.
De Soziolog Wilhelm Heitmeyer nennt als Ursaachen, firwat demokratesch Léisungen, och a Westeuropa, ëmmer méi schwiereg ginn: e globaliséierten Finanzkapitalismus mat oligarcheschen Tendenzen, donieft Angscht viru sozialer Desintegratioun, wéi och de Vertrauensverloscht vis-à-vis vum demokratesche Prozess. Esou erkläert sech zum Beispill de Brexit-Votte net eleng aus “Fake news”, Murdoch a Cambridge Analytica. Eng grouss sozial Ongläichheet a kulturell Veronsécherung huet dozou bäigedroen. „Déi Déck profitéieren, déi Kleng musse bludden“, denke vill Verléierer vun der Globaliséierung. Déi selwecht Veronsécherung a Roserei fënnt ee beim Mouvement vun de „gilets jaunes“. E Brexit léist natierlech kee Problem, mee schaaft just dausend neier. Ausser fir d’Ustiwweler, wéi de Jacob Rees-Mogg an de Boris Johnson - deen een huet seng déck Fongen schonn an Irland verluet, deen anere verdéngt grouss Zommen mat Rieden an Artikelen.
D‘Onsecherheet - op et den eegene Kanner eng Kéier besser geet – wäert net vun haut op muer verschwannen. Wéinst de Konsequenzen vum Klimawandel wäerten d’Reaktiounen mat der Zäit nach méi hefteg ginn. Lëtzebuerg schéngt momentan nach gréisstendeels dovu verschount. „Solange der Schornstein raucht“, wéi de Brecht seet. Awer Lëtzebuerg ass keng Insel an och bei eis geet d’Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi wäit auserneen, wéi e rezente Rapport vum Statec weist. Dat ënner anerem och wéinst den héije Käschten vum Logement. Och wann eng relativ gesond Mëttelschicht haut nach frou ass Proprietär ze sinn, sou gëtt dat dann awer fir hir Kanner ëmmer méi schwéier. Den Immobiliëmarché gëtt vu Luxuswunnengen iwwerschwemmt, déi di meescht Leit sech net méi leeschte kënnen. D’Spekulanten an di international Investisseuren awer schonn.
Wien hält an Europa dogéint? Den Opschwong vum nationale Populismus an Europa fält mam Ofschwong vun der Sozialdemokratie zesummen. Firwat si grad elo, virun allem di sozialdemokratesch Parteien an Europa an esou grousse Schwieregkeeten? Dofir ginn et natierlech vill verschidden Ursaachen, awer grondsätzlech kann ee soen, dass si am Virfeld an och no der Finanzkris vun 2008 net méi d’Impressioun ginn hunn, hiren historeschen Optrag ze erfëllen - also konsequent ze probéieren sozial an ekonomesch Gerechtegkeet fir all Schichten vun eise Gesellschaften duerchzesetzen.
Wat kënne mer als Bierger maachen? An enger parlamentarescher Demokratie muss den éierlechen, politeschen Engagement - och an enger Partei - erëm méi héich geschat ginn. Awer eng Demokratie fënnt net just all 5 Joer bei Wale statt. Et ass wichteg, dass Bierger sech selwer engagéieren. Sech net just sënnlos ëm hire Konsum um Black Friday oder fir Chrëschtdag këmmeren, mee an der Zivilgesellschaft aktiv ginn, Zeitungen liesen, Gewerkschaften ënnerstëtzen, an den Theater ginn, Froe stellen, Äntwerte sichen a Meenungen artikuléieren. Eng nei Opklärung. Als Bierger an als Konsument. Eng nei Iwwerleeung iwwert d‘Konkordanz tëscht souwuel gudder Aarbechts- wéi och nohalteger Produktqualitéit. Den Asaz fir Gerechtegkeet, d’Suerg em eis Ëmwelt an eng demokratesch Kultur gehéieren zesummen. Jiddereen ass gefuerdert.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners