Bis 2020 sollen am Ländchen 40.000 Elektromobiller fueren. Dat wënschen sech d’Ministeren Bausch an Turmes. Dofir gëtt et eng Primm vun 5.000 € op Käschten vun den Steierzueler. Souguer fir Protzmobiller, déi iwwer 100.000 oder 150.000 € kaschten. Brauch een, déi sech esou deier Auto’en leeschten kann, wierklech en Subsid?
Am Moment fueren eppes iwwer 1.000 Elektro-Auto’en. Fir op 40.000 ze kommen, mussen nach 39.000 E-Mobiller subventionéiert ginn. 39.000 x 5.000 = 195 Milliounen €! Dat gëtt méi deier ewéi den gratis Transport.
Dobäi stellt sech ëmmer méi eraus, dass d’Elektro-Mobilitéit méi Problemer schafft, wéi se der léist.
Den Haaptproblem sinn d’Batterien, deenen hiren Ëmweltimpakt durch d’Produktion méi wéi problematesch ass. Den CO2-Bilan vun der Elektro-Mobilitéit gëtt doduerch net besser.
Virun allem mussen d’Batterien dauernd nei opgelueden ginn. Géifen wierklech 40.000 E-Auto zu Lëtzebuerg fueren, gett et gréisser Problemer mat der Stroumversuergung. En Elektroauto, den ronn 15.000 Km d’Jo’er fiert, brauch méi Stroum ewéi en normalen Haushalt am Jo’er verbraucht.
D’Ministeren behaapten, iwwert d’Chargy-Statiounen géif nëmmen erneierbaren Stroum fléissen. Dat ass eng gréng Ligen.
Den sougenannten erneierbaren Stroum, den zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, ass manner ewéi 10% vun eisem Konsum. De Rescht gëtt importéiert iwwert d’europäescht Verbond-Netz. A well d’Elektronen net no hirer Hierkonft gréng unzesträichen sin, importéieren mir massiv Kuelen- a Nuklear-Stroum.
Och de spéideren Recyclage vun de Batterien es net geléist. Trotzdeem soll d’Elektro-Mobilitéit forcéiert ginn. De Minister Bausch sot: „Kaaft keen Diesel méi“.
Dobäi huet den Diesel e vill besseren Brennwäert ewéi de Bensin. Een Liter Diesel stéisst manner CO2 aus ewéi een Liter Bensin.
D’ Anti-Diesel-Campagne huet dozou geféiert, dass manner Diesel-Auto’en kaf ginn.
D’Resultat geseit een an den offiziellen Statistiken. Zenter enger Dosen Joren sin di duerchschnëttlech CO2-Emissiounen vun onsem Automobilpark gefall. Zenter zwee Joer steigen se nees un. Well manner Diesel a méi Bensin verfuer gëtt. An d’Elektro-Mobilitéit näischt bréngt.
Ass dat déi gefeiert gréng Nohaltegkeets-Politik?