Des nei gewielten Politiker wëllen opraumen mat der verwässert Demokratie, wëllen hier Länner zoumaachen virun all dem Schlechten, wat vun baussen kennt, an verspriechen eng nei Zäit vun Réckbesënnung op national Wäerter an eng Souverän Wirtschaft.
Och wann et mir kal den Réck erofleeft, muss ech domadder liewen dass dat och en Deel vun onser Demokratie ass, an d’Vox populi nun emol dat wielt, wou si drun gleewt.
Rational gesinn kann een elo 1000 Argumenter fannen, vir ze soen dass déi Dreem vun dësen Populisten, zu engem groussen Cauchemar feieren. Mee genau déi Strategie wäert an dësem Moment keen Erfolleg méi hunn. An Moment wielt d’Vollek mam Bauch an net mam Kapp.
Et mëscht och keen Sënn dass den Kapp den Bauch verdäiwelt, mee et ass héich Zäit dass mer onsen Kapp benotzen vir ze verstoen wat d’Ursaachen sinn déi zu dëser Situatioun gefouert hunn.
Et ginn vir mech en puer Grondzich déi an all deenen Länner eng wichteg Roll gespillt hunn.
Déi rietspopulistesch Politiker, déi sou vill Erfolleg hunn , sinn déi déi sech kloer distanzéieren, vun den aktuellen politeschen Elite. Hire Succès kennt dovunner dass si sech als « no um Vollek » verkaaft kréien, mam Establishment wëllen ofrechnen, an esou dem Vollek Geheier verschafen. All Provokatioun, all Ausso, sou irrational an gehässeg se ass, gëtt als Zeechen vun Éierlechkeet gewäert, wann se d’ Bauchgefill vun den Leit trefft.
Wat ass passéiert dass d’Vertrauen an ons, nenne mer se mol klassesch Parteielliten, sou radikal verluer gaangen ass ?
Ons politesch Elite sinn haut ganz oft Persounen déi net méi iwwert den klasseschen Wee iwwert d’Parteien un d’Spëtzt komm sinn. Si sinn Spezialisten, Technokraten, kommen ëmmer méi aus des Wirtschaftswelt, an sinn domadder wéineg ofhängeg vun hiren Parteien. D’Vollek huet d’Gefill, dass dës Politiker just nach op d’Wirtschaft lauschteren, quasi ferngesteiert ginn vun den groussen multinationale Firmaen an Banken.
Dat gëtt verstäerkt duerch hiert Positionnement wann et em d’Fro vun der Globaliséierung geet. Vun der Politik gëtt dat als eenzegen Wee vir d’Zukunft dohinner gestallt, en Wee deen iwwert komplex Theorien vun Wuesstem letztendlech zum globalen Wuelstand feiere géif. Leider spieren awer ganz vill Leit just den Konträr : Globaliséierung heescht vir si perséinlech éischter den sozialen Ofstig. D'Vertrauen an d’politesch Elitten vun haut entsprécht deem vum Vertrauen an d’Wirtschaftsideologie, nämlech keent méi.
Vill Politiker benotzen dann och genau deen selwechten Discours deen d’Wirtschaft hinnen virgeet. Si erklären hiert politescht Handelen duerch Argumenter déi se opbauen op Konzepter wei : Noutwendeg Upassungen, Reformen, den internationalen Konkurrenzdrock, Flexibilitéit, Rationaliséierung, Kompetitivitéit. Alles Wieder déi dozou bäidroen dass d’Leit just nach méi Angscht kréien. Iwwert d’Angscht bedéngen mer awer letztendlech just dat Bauchgefill , dat dozou feiert dass den Kapp net méi matdenkt, an deenen rietspopulisteschen Stréimungen den Wee fräi gemaach gëtt vir un d’Muecht ze kommen.
Vir d’Zukunft brauchen mer, och zu Lëtzebuerg, erëm politesch Elitten déi bereet sinn méi global ze denken an net nëmmen den Discours vun der Wirtschaft probéieren un d’Fra an un den Mann ze bréngen. Mir brauchen Leit mat sozialen an kulturellen Visiounen déi positiv sinn, an Hoffnung op Muer maachen. D’Léit wëllen spieren dass et Solidaritéit gëtt, wëllen wëssen dass si am Mëttelpunkt vum politeschen Projet stinn. Eng grouss Erausfuerderung vir déi klassesch Parteien vun haut, mee deen eenzegen Wee vir den Rietspopulismus ze stoppen.