Wéi d’Lëtzebuerger Regierung am Juni 2000 d'Schlussfolgerunge vum “Conseil Européen vu Santa Maria da Feira" a Portugal mat ënnerschriwwen huet, huet si sech am Artikel 42 engagéiert progressif den Informatiounsaustausch anzeféieren. Dësen Austausch sollt d'Fundament bilden vun der Besteierung vun deem Akommes dat d'EU Bierger op hierem erspuertem Geld an aneren EU Staten verdéngen.
Dësen Accord ass duerno hei zu Lëtzebuerg extrem staark attackéiert ginn, an déi blo schwaarz Regierung, vun deemools, huet esou muenech Kritik aus ville Kreesser iwwert sech missen ergoe loossen. Et huet iwwert Joere vill Iwwerzeegungsaarbecht gebraucht fir datt dëst Engagement da schlussendlech ënnert der ablécklecher Regierung ganz erfëllt ginn ass. Et war och ee grousse Mentalitéitswiessel noutwenneg fir esou eng fundamental Ännerung duerchzeféieren an et war och richteg, dëst iwwert eng méi laang Period ze maachen. Déi Zäit war néideg fir datt d'Finanzplaz sech anescht konnt orientéieren, nei Regele konnt opstellen, nei Servicer konnt ubidden a besonnesch sech dat néidegt Fachwëssen konnt uneegenen. Dat kann alles net an 2 bis 3 Joër geschéien. Et ass och all deenen Efforten ze verdanken datt d'Finanzplaz sech, trotz dësem Paradigmewiessel, erfollegräich weider entwéckelt huet.
Virun e puer Deeg sinn an der Belscher Press eng Rei Artikelen verëffentlecht ginn, an deene Lëtzebuerg un de Pranger gestallt ginn ass, an dat well eng Rei Belsch Familjen oder Organisatiounen iwwert Lëtzebuerg fueren, fir International Finanzoperatiounen ze maachen. Hei gouf dann och e Belsche Syndikat genannt, well deen iwwert ee Lëtzebuerger Fong gefuer ass fir an Afrika, Asien a Latäin Amerika a Mikrofinanz ze investéieren.
Elo ass et awer esou datt Lëtzebuerg, am Kader vun der Reorientatioun vun der Finanzplaz, sech een internationale Numm an der Mikrofinanz gemaach huet. Wéi op kenger anerer Finanzplaz gëtt et just zu Lëtzebuerg an dësem extrem techneschen Domaine esou ee grousst Fachwëssen a ginn och esou vill Investissements Méiglechkeeten ugebueden, ënnert hinnen vill Fongen. Duerfir hat dee belsche Syndikat praktesch keng aner Méiglechkeet wéi déi iwwer Lëtzebuerg ze fueren, fir esou säi Bäitrag zur Entwécklungshëllef ze leeschten a gläichzäiteg seng Reserven, dat och d'Geld vu senge Memberen ass, sécher ze investéieren.
Et ass Schued datt d'Auteuren vun dëser Rei Artikelen net och esou Aspekter mat an hiere Berichter erabruecht hunn, fir et esou dem Lieser ze erméiglechen sech en objektivt Bild vun deene villfältegen Aktivitéiten op der Lëtzebuerger Finanzplaz ze maachen. Och ass d'Mikrofinanz nëmmen eng vu villen Aktivitéiten déi an de läechten 10 bis 15 Joer hei zu Lëtzebuerg opgebaut gi sinn.
An engem Ëmfeld wou dann och nach d'Lëtzebuerger Steierverwaltung eng Rei Bankinformatiounen mat auslännesche Kollegen austauschen a wou d'Gesellschaften selwer Geschäftsberichter hei zu Lëtzebuerg mussen ëffentlech zougänglech hannerleeën, ass eng esou eesäiteg Kritik, wéi déi an deenen belschen Artikelen, net akzeptabel.