RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 09/11/2018


Listen Later

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
A menger Carte blanche vun haut geet et ëm den Dossier « Kriibskrankheeten ».
Eng kuerz Fro an deem Kontext :
Wie vun iech kennt net aus Famill, Noperschaft oder Bekanntekreess Leit, deelweis och nach jonk Leit, déi vu Kriibs betraff an trotz Therapieefforten vill ze fréi aus dem Liewe gerappt goufen?
An de vergaangene 40 Joer  goufe dobäi international riseg Milliarden-Dollar-Zommen an d’Kriibsrecherche investéiert, de gros allerdéngs just an d’Entwécklung a Vermaartung vun oft deieren, fir d’Pharmaindustrie awer immens profitablen, Antikriibsmedikamenter an Therapien.
De Gesamtbilan no iwwer 40 Joer bleiwt allerdéngs, vun e puer Ausnahmen bei e puer Kriibszorten ofgesinn, relativ bescheiden, während ëmgekéiert eng Parti haaptsächlech hormonofhängeg oder neurologesch Tumeuren, Daarmkriibs an esouguer Leukämien oder Gehiertumeuren bei Kanner schläichend zouhuelen.

Léif Nolauschterinnen,
Ët gëtt natierlech national wéi international vu Säite vun Gesondheetsministèren esou genannt „Plans canceren“ : virun allem präventiv Messagen, déi haaptsächlech un d’Eegeresponsabilitéit vum Bierger a Saache Kriibspräventioun appeléieren: net fëmmen, wéineg Alkohol, gesond iessen a méi Beweegung.
Dat ass sécher richteg, et vernoléissegt awer onverständlecherweis vill aner Risikofacteuren a méiglech Ausléiser vu Kriibs: zum Beispill Diesel oder Feinstëbs an der Otemloft dobaussen, Bioziden, Léisemëttel, Phtalaten, Flammschutzmëttel oder Strahlung op der Aarbecht oder doheem, Pestiziden, Nitrater oder aner Schadstoffer virun allem a konventionnellen an industriellen Iesswueren,
Schadstoffer, déi bei praktesch jidderengem vun eis a Laborsanalyse kënnen nogewise ginn. (Neierdings och Mikroplastik)

Léif Nolauschterer
Nach e puer Informatiounen a Konklusiounen.
1.    Schon 2010 haten déi bescht onofhängeg Wëssenschaftler a Kriibsfuerscher aus den USA an engem 450-Säite staarke Rapport un den amerikanesche President virun der systematescher  Ënnerschätzung vu ville kriibsausléisende Chemikalien a Pestiziden, dorënner och de Glyphosat-Roundup vu Monsanto, gewarnt a präventiv Mesurë gefuerdert.

2.    Héich interessant ass och eng rezenz grouss epidemiologesch Etude vun Enn Oktober 2018 am medizinesche Fachjournal „JAMA Internal Medecine“. Si huet 70.000 Leit iwwer 7 Joer suivéiert an alleng de méigleche Bénéfie vu biologesche Liewensmëttel analyséiert. Resultat: 25% manner Kriibs insgesamt, 34% manner Broschtkriibs, a suguer 76% manner Lymphdrüsekriibs.
Eng Fro: wéi wieren d’Resultater, wann endlech Ëmweltpräventioun géif stattfannen a méi Alldagsproduiten manner schadstoffbelaascht a méi biologesch kompatibel wieren?
Dofir als Konklusioun:
Wien wichteg Haaptursaache vu Kriibs scheinbar net kennt oder net wëll zur Kenntnis huelen, dee kann de Kampf géint de Kriibs ni wesentlech gewannen. Dat gëllt iwwregens och fir vill aner Krankheeten.

Jean Huss
President vun AKUT



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners