Bei der Presentatioun vun hierem Wahlprogramm hat eng kleng Partei ugekënnegt, an der Schoul nees Reliounsunterricht wëllen anzeféieren, an zwar virun allem dee chrëschtlechen, dee muslimeschen an dee jiddeschen. Fir di meescht Leit hei am Land, déi frou sinn, dass reliéis Indoktrinatioun ënner der LSAP-DP-déi Gréng-Regierung endlech aus den ëffentleche Schoulen verbannt gouf, dierft dat scho Grond genuch sinn, fir déi kleng Partei e Sonndeg net ze wielen. Där Grënn gëtt et awer duerchaus nach méi.
Säit d‘Wahlcampagne ugefaangen huet, gouf et eng Parti ekeleg Incidenten di Kandidate betraff hunn. Den Jimmy Skenderovic krut quasi Morddrohungen op facebook, dem Monica Semedo seng Foto gouf x-mol aus de Wahlplakater geschnidden, de Xavier Bëttel an d’Corinne Cahen goufen op engem Wahlplakat als Judden ofgestempelt, an de Sven Clement krut scheinbar vum Papp vun engem Kandidat vun enger Minipartei no engem Débat Streech udedroht. Déi véier Beispiller sinn awer nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg vun enger gesellschaftlecher Entwécklung, déi Angscht mécht. Dofir brauch ee just an den Sozialmedien di sëllechen hemmungslos Haasskommentaren am Kontext vun der Flüchtlingsthematik oder vun de Frontalieren ze liesen.
An do wiere mer nees bei där klenger Partei, déi ech agangs erwähnt hunn. Déi hunn nämléch puer Leit op hierer Lëscht, di an de läschten dräi Joer duerch nawell zolitt nationalistesch Initiativen opgefall sinn. Rezent haten déi Leit sech als Internetplattform regruppéiert an hu vun do aus ganz oppen hieren auslännerfeindleche Gedanke fräie Laf gelooss. Deen een oder aneren huet dann och mol ganz locker d‘Naziverbriechen ëffentlech verharmloost. Ganz bedenklech war d’Reaktioun vun engem laangjähregen erfuerenen Deputéierten aus där Partei. Déi Leit vun där Internetplattform wiere keng Parteimemberen, an hie géif sech vun sou Aussoen distanzéieren, housch et do. Mee et hätt een deene Leit eben eng gewësse Carte blanche ginn. Pardon? Sou einfach kritt een sech do lo net rausgeried…
Mir sollten ni vergiessen, dass mer hei zu Lëtzebuerg sinn, wou multikulti säit Joerzéngten un der Dagesuerdnung ass. Wou eis Méisproochegkeet ee Risenatout ass, dee mer net verléiere sollten. Wou een dagdeeglech Leit aus anere Länner an aus anere Kulture kenneléiere kann, sech mat hinnen austauschen a vunenee léiere kann.
Wann ee bis ufänkt vu „mir“ an „si“ ze schwetzen, dann ass dat ee Schrëtt op ee ganz geféierleche Pad, deen anerer scho virun 80 Joer gaange sinn. Grad hei am Land sollt een eigentlech aus där Geschicht geléiert hunn. Jidder eenzelnen huet e Sonndeg an der Wahlkabinn eng Verantwortung fir dofir ze suergen, dass mer net a Richtung vun enger Widderhuelung vun där Geschicht steieren. Loosst mer den Haass an d’Ausgrenzung net gewannen, mee loosst mer astoe fir di humanistesch Werter vu Solidaritéit an Zesummeliewe mat alle Mënschen.