RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 12/10/2018


Listen Later

Wat ass den Impakt vun de Wahlen zu Lëtzebuerg op de Rescht vun der Welt? Huet Lëtzebuerg iwwerhaapt als klengt Land en Impakt op d'Welt? Wa jiddereen op der Welt géing konsuméiere ewéi mir, bräichte mer 7 Planéiten, d'Ressourcë wiere schonn Enn Februar opgebraucht. Duerch eis Steieroptimiséierungspolitik verléiere vill Länner am Noen- wei Waitenausland wichteg Akommes u Steiergelder déi gebraucht wiere fir Educatioun, Santé an d’Liewensbedingunge vun der Populatioun ze verbesseren. Dëst si negativ Impakter. En Deel vun deenen Impakter ass duerch Whistleblower un d'Liicht bruecht ginn. Souwuel Whistleblower wei och Ëmwelt- a Menscherechtsverdeedeger musse méi protegéiert ginn, well et ass nëmmen duerch si dass ongerecht Situatiounen un d'Ëffentlechkeet bruecht ginn an dass mer eis fir eng Ännerung vu deene Situatiounen asetze kennen.

E Méinden ass de neie Rapport vum GIEC erauskomm. Et ass keng schéi Siicht op d'Zukunft. D'Wëssenschaftler vum GIEC sinn der Meenung dass mat enger Erheigung vun 1,5 Grad iwwer 100 Millioune Mënsche Klimagebonne Risiken ausgesat wäerte sinn. Zemools Subsaharafrika, Südostasien, Zentral- a Südamerika wäerte méi schlecht Recolten hunn. Dëst weist eis dass mer eis vill méi aktiv géint de Klimawandel asetze mussen, souwuel bei eis wei och op deene Plaze wou en déi schrooste Konsequenzen huet a wäert hunn.

Subsaharafrika, Südostasien, Zentral- a Südamerika sinn nämlech net nëmmen duerch de Klimawandel affektéiert, mee och duerch ëmmer méi grouss Inegalitéiten an Aarmut. Et ass d'Eradicatioun vun der Aarmut déi den Objektiv vun der Entwécklungszesummenaarbecht ass a soll sinn. Mir sinn nach ëmmer net esou wait dass mer keng Entwécklungszesummenaarbecht méi brauchen, dofir ass et och esou wichteg dass e klengt a räicht Land wéi Lëtzebuerg 1 % vu sengem PIB der Kooperatioun consacréiert, dëst Ziel ass och vun ville Parteien an hire Wahlprogramme confirméiert. Et ass och wichteg dass Lëtzebuerg weider a Subsaharafrika, Südostasien a Latäinamerika aktiv ass an sech net op eng vun de Regioune fokaliséiert. Dëst kann eis och erméiglechen eng Süd-Süd Kooperatioun z'ënnerstëtzen, wei Lëtzebuerg et zum Beispill am El Salvador mëscht. An de Länner wou d'lëtzebuergesch Kooperatioun aktiv ass, ass d'Populatioun och ëmmer méi mat Mënscherechtsviolatioune konfrontéiert wéi am Nicaragua oder am Niger. Do ass et och wichteg dass eis Kooperatiounspolitik sech solidaresch mat der Populatioun weist an seng diplomatesch a finanziell Relatioune spille léist fir déi Situatioune wann nëmme méiglech ze verbesseren an d'Populatioune ze schützen.

Mir mussen als klengt Land un eis Impakter denken, souwuel negativ wei positiv an eis deenen entspriechend riichte fir déi negativ manner negativ ze maachen an déi positiv méi positiv. Dat geet iwwert eis Consommatioun, iwwert eis alldeeglecht Handelen, eis Solidaritéit mat aneren, eis Engagement géint de Klimawandel. Dofir ginn ech iech muer um 2 Auer RDV op der Place Clairefontaine.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners