Elo wou se a reeller Gefohr sinn gëtt vill vun hinne geschwat: d'Volleksparteien. Wat ass dat dann, eng Vollekspartei? Am Fall vu Lëtzebuerg kann ee schlecht ofstreiden datt esouwuel LSAP ewéi d'CSV authentesch Volleksparteien sinn – oder muss ee scho soen "waren"? Wa mer dat historesch gesinn, sti se vir zwee komplementar an eventuell antagonistesch Aspekter vun eisem Land. Ass et villäicht eng weltlech Religioun, de vum Marxismus inspiréierte Reformismus, géint e vu Roum gesteierten gesellschaftlechen Konformismus, ass et d'Lëtzebuerger Wort géint d'Escher Tageblatt, d'Gewerkschaftszentral vum Escher Boulevard Kennedy géint de Erzbistum an der Stadter Lantergässel, sinn et opgekläerte Bierger géint obskurantistesch Klerikaler? Et kann een net erwaarden datt all Mënsch mat enger Analyse ewéi dëser d'accord ass ëmsou méi et och bei de chrëschtlechen eng Sozialbewegung ginn ass an nach ëmmer gëtt, datt net all Paschtouer obskurantistesch ass an datt et LSAP-Membere soll ginn di an der Kierch bestuet gouwen an deenen hir Kanner d'éischt Kommunioun maachen. Ob een sech elo zu deem engen oder deem anere Bord zielt, huet mat engem onbestëmmten, diffusen Zougehéieregkeetsgefill ze dunn dat, just well e Gefill ass, schwéier mat Wieder anzefänken ass. – Wat awer net verhënnert datt et do eng Realitéit gëtt an datt eng klassesch Vollekspartei déi erëmspigelt.
Et gehéiert natierlech och zu enger Vollekspartei datt se fir "hir Leit" suergt an ech setzen "hir Leit" zwëschen Anführungszeechen. Di richteg Memberskaart konnt schonn an der enger oder der anerer Südgemeng, bei klengeren oder gréissere Gefällegkeeten hëllefen, an dat selwecht konnt och fir d'Stad Lëtzebuerg gëllen, an dat obschonn d'DP am Fong keng Vollekspartei ass. Wat de fréieren "CSV-Staat" ugeet, sou war deen net d'Erfindung vun opbruechten lénke Leitartikler mee eng Realitéit. Déi Zäiten missten dout sinn an dat ass Gëft fir den opportunistesche Volet vun der CSV, fir hir Zukunft als Vollekspartei an hir zukünfteg Wahlresultater.
Eng Vollekspartei ass also esou eppes ewéi eng vun der Weltuschauung bestëmmte Sammelbewegung. Et fënnt een sech do zesummen wou een de richtege Stallgeroch an der Nues huet a wou een ënnert Gläichgesënnten ass .
Elo schéngt et datt de Geschäftsmodell "politesch Sammelbewegung" speziell bei jonken onpolitesche Wieler a Gefor ass. Fir vill Leit sinn konkret Optioune fir den Alldag méi wichteg an déi bestëmmen hiert Verhalen an der Wahlkabin. Dat heescht awer datt esou eng Wahlklientell séier enttäuscht an da fort ass.
Wou mer wierklech frou sollte sinn, ass d'Tatsaach datt de Wieler-Revervoir fir rassistesch, béisaarteg, intolerant Mattbierger kleng ass an hoffentlech esou bleiwt.