A sengem berühmte Roman „Le nom de la rose“ beschreiwt den Umberto Eco e Klouschter mat enger Bibliothéik, déi all wëssenschaftlech Studien enthält, wou awer bal kee Mënsch Zougang derzou kritt. Déi Geschicht spillt am Mëttelalter an ass natierlech erfond. Haut si mer am 21ten Jorhonnert an d’Réalitéit ass leider nët wäit vun däer Geschicht ewech.
Fuerscher a Wëssenschftler publizéiren hir Resultater – also dat nei geschaafend Wëssen – a Fachzäitschrëften. Mee fir Zougrëff op déi Schrëften ze kréie, muss een deier – ganz deier – bezuelen. An dat obwuel haut, mat der Digitaliséirung, déi Fachzéitschrëften gréisstendendeels nët méi op Pabeier gedréckt gin, mee um Internet publizéiert ginn – allerdéngs hannert deiere „Paywalls“. Eng Handvoll Maisons d’édition weltwäit hu sech hei eng quasi-Monopolstellung geschaaf an et geet ëm ganz vill Geld – 10 Milliarden Dollar pro Joer.
Deen eigentleche Skandal dobai ass, dass e Groussdeel vun der Fuerschung mat ëffentleche Gelder finanzéiert gouf. Steiergelder ginn iwwert d’Universitéiten an ëffentlech Fuerschung investéiert, mee d’Resultater dovu sinn herno nët fräi zougänglech. Aner Wëssenschaftler, de Grand Public, mee zum Beispill och Doktere, Patienten an Patientevereenegungen oder ONG’en mussen deier bezuelen fir Zougrëff ze kréien op déi neiste wëssenschaftlech Studien a Resultater, obwuel déi Fuerschung dach aus ëffentleche Mëttele finanzéiert gouf! A mannerbëmmettelte Régiounen wéi Afrika, Asien, mee och a Südosteuropa ass den Zougang zu wëssenschaftleche Studien onerschwénglech ginn.
Fir dat ze änneren hunn ech als President vun den Europäeschen Fuerschungsagencen dësen Hierscht, zesummen mat der Europäescher Kommissioun eng nei Initiativ lancéiert, de „Plan S“ (https://www.coalition-s.org/why-plan-s/). Hei geet ët drëms de System vun de wëssenschaftleche Publikatioune fundamental ze änneren. Andeems Fuerschungsagencen, zum Beispill den FNR, d’Wëssenschaftler derzou unhalen an Zukunft hir Resultater just nach am „Open Access“ – also fräi zougänglech ze verëffentlechen.
Et ass eng zimmlech drastech Ännerung. D’Maisons d’éditioun sin natierlech nët frou a maachen décke Lobbying dergéint. Och fir d’Wëssenschaftler bedeit dat eng Ëmstellung, wëll si villäicht nët méi an hiere Lieblingszäitschrëfte publizéire kënnen. Mee d’Fuerscher an d’Universitéite mussen hei och hir Verantwortung vis-à-vis vun der Gesellschaft iwwerhuelen!
Et dierf nët méi sinn dass déi ëffentlech Hand zweemol muss an d’Täsch gréifen. Eemol fir d’Fuerschung ze bezuelen, an nach eemol fir Zougang zu de Resultater ze kréien.
Wësse soll fréi zougänglech sinn!