RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 21/11/2018


Listen Later


Bei de Resultater vun de Chamberwale vum 14.Oktober gouf et vill Surprisen, net nëmme beim Ofschneide vun den eenzelne Parteien, mä och bei de Kandidaten. Nëmmen 12 vun deene 60 gewielten Deputéierte si Fraen, d.h.dass vun 249 Kandidatinnen net emol 5% et an d’Chamber gepackt hunn. Bei enger Regierungspartei gouf net emol eng eenzeg Fra gewielt: L.S.A.Peu !
Säit 2016 hu mer eng gesetzlech Quote vu 40 %, domat hu mer eis gebrezt an Europa an d’Hoffnung war grouss dass, wann elo op all Kandidatelëschte 40 % Frae misste sinn, och méi Frae ginge gewielt ginn.
Dat ass no hanne lass gaangen. Firwat?
Bei eisem Walsystem: Panachage a Virzugstëmmen, kann et virkommen, dass esouguer keng Fra gewielt gëtt, wann et , wéi bei de Gringen, eng Paritéit vu Geschlechter op de Kandidatelëschte gëtt.

Et ass no de Walen, e.a. am Conseil National des Femmes, an deem ech als Presidentin vun der Fédération Nationale des Femmes Luxembourgeoises sëtzen, vill iwwer d’Ursaache vun dësem Resultat diskutéiert ginn. Dobei gouf virun allem versicht, d’Schold do ze sichen, wou se eigentlech net ass : bei de Parteien a bei de Journalisten, déi d’Kandidatinnen net genuch an d’Fënster ginge stellen. Wann dat esou wier, firwat sin dann z.B. zwou Fraen, déi 5 Joer laang an der Regierung souzen, net emol gewielt ginn?

Sécher ass et schwéier, zu Lëtzebuerg gewielt ze ginn, wann ee net bekannt ass, och fir Männer.
Mä haut gëtt et jo Méiglechkeeten, sech bekannt ze maachen, vun deenen ech 1964, wou ech fir d’éischt fir d’Chamber kandideiert hunn, net emol dreeme konnt.

Ech hunn och erlieft, dass ech jorelaang ni an de Radio oder an d’Televisioun geschéckt gouf. Ech hunn et awer fäerdegbruecht, vun 1965 bis 2014 gewielt ze ginn, wann ech da kandidéiert hunn. Dat huet vill Asaz, Aarbecht an Zäit kascht. Mä et huet sech gelount. Ech halen net vill vu Quoten.

Et gëtt bei eis am Land méi weiblech wéi männlech Wieler.Wann d’Frae géife Frae wielen, dann hätten dach männlech Kandidate manner Chancen.
Den CNFL huet en deiere faarwegen Dépliant an Dausenden Exemplairen drécke gelooss, an deem d’Wieler opgefuerdert ginn, de 14. Oktober,  99 Joer nodeem d’Fraen d’Walrecht kruten, fir den Equilibre ze stëmmen.
D’Resultat ass bekannt.

Loosse mer eis näischt virmaachen. Et gëtt kee Wonnermëttel vun uewen erof, fir datt méi Fraen an d’Chamber kommen. Et sief dann, dass gewielte Männer missten zerecktrieden, fir dass eng Fraequot an der Chamber ereecht géif. Ech hoffen, dass et net esou wäit kënnt.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners