Et gi sëcher vill Brëller duerch déi een d’Walresultater kann analyséieren a versichen den allgemenge Wielerwëllen rauszeliesen.
Duerch mei Brëll erkennen ech eng kloer eng Tendenz, déi no engem neie Modell fir Lëtzebuerg rifft. De lëtzebuerger Modell vun de klenge Schrëtt an dem nationalen Oportunismus huet ausgedengt.
Aus engem rezente Sondage, deen de Nohaltechkeetsrot duerchféiere geloss huet, gong ervir, datt d’Majoritéit vun den Awunner vu Lëtzebuerg d’Nohaltechkeet fir immens wichtech empfënd an och bereed ass, eng Rei vu konkrete Moosnahmen ze ergreifen.- Jo, déi mescht Leit si sougur d’accord finanziell Aboussungen obsech zehuelen, fir eng méi nohaltech Entwécklung ze erméiglechen.
Genau déi Bereedschaft liesen ech och aus de Walresultater eraus.
Och wann d’ Gambiacoalitioun sollt bestätecht gi sinn, heescht dat net datt de Wieler eng Politik vu « Weider esou » wëllt.
Hien erkennt wuel un dat déi lescht Regierung a villen Domainer gutt geschafft huet, wëllt awer duerch d’Changéieren vu de Kraaftverhältnisser, eng deitlech Stärkung vun der ökologescher an nohalteger Ausriichtung.
Et besteet och schon ee Plang fir eng nohaltech Entwécklung zu Lëtzebuerg, de « Plan National pour un développement durable ».
Dëse Plang, deen op der Agenda 2030 vun der UNO mat hire 17 Ziiler baséiert, misst den Iwwerbau vun der ganzer lëtzebuerger Politik sinn.
Un dësem Plang sollen d’Parteien sech beim Opstellen vum Regierungsprogramm orientéieren an sou dem Wieleroptrag fir een zukunftsfähecht Lëtzebuerg ze entwéckeln, gerecht ginn.
D’Aféieren vum sougennaten Nohaltehkeetscheck, dee schon am leschte Regierungsprogramm virgesi war, an all Gesetzesprojetën op hir Konformitéiet mat enger nohalteger Entwécklung iwwerpréife soll, geng sëcher derzou beidroën, dest grousst Ziil ze erreechen.
Vleicht sollten d’Koalisatiounspartner net nëmmen d’Rekommandatiounen vum Nohaltechkeetsrot fir deen nächsate Regierungsprogramm berücksichtegen, mais och dëse Gremium stärken, fir dat hien der neier Regierung an och dem Parlament ka mat wëssenschaftlech fundéierten Avisën hëllefen, eng nohaltech Transformatioun vun eiser Gesellschaft anzeleeden.