“Lëtzebuerg boomt an d’Welt geet zu Gronn”– heiheem an anerwäerts“ 25-4-2018 Auteur:J-L Thill
Wourecht: dat Thema wor nach ni populär. Politker réageiren nervös, Bezéiungen ginn drunn zu Gronn. Si ass de Journalisten hier Botterschmier, mat oder ouni Fake News. D’Kirch behapt si hätt se! d’Philosophen hun dofir eng Disziplin mat schweirem Numm: d’Epistemologie a kucken schons lang de Wessenschaftler no wei dei se fannen.
Gëscht wär d’Wourecht erëm on Tour – heiheem um Kautmaart. Do gëtt festgesallt dat et dem Land sou geet wéi nach ni. Politik hällt eng Laudatito op sech selwer fir dem Bierger virun de Wahlen kloer ze machen dat nëmmen sie, also dé aktuell politesch Décideueren, dat konnten hiewelen. Et kann zeguer nach besser ginn, évidemment, awer nëmmen mat eben deenen selwechten Leit. Dat sinn nun emol d’Wourechten an engem Wahljoer.
Dobaussen ass d’Wourecht och on Tour – permanent - awer déi well keen sou richteg héieren. Et gouf eng Zäit do woren Naturkatastrophen eng Strof vun den Götter fir menschlecht Fehlverhalen ze erklären, virun allem um moralesche Plang. Des infantil Opfassung vun der Welt kruet 1755 en abrupt Enn mam Erdbiewen vun Lissabon. Souzesoen mat symbolischer Kraft gouf dei portugisesch Haaptstadt den 1. November während der Allerhelge-Mass an den Koup gerëselt. Keen konnt sech e menschlecht Versoën firstellen wat eng Strof an dem Ausmos géif verdingen.
Schnell gouf klor dat Natur fir de Mensch eng Gefor duerstellt, och ouni religiösen an iwermenschlechen Hannergedanken. Fir dem entgéint ze wierken huet de Mensch sech op de d’Sich no dem engen oder aneren Naturgesetz gemach, fir an Zukunft besser op sou Katastrophen firbereed ze sinn. – vun Kopemänercher an Keelepartie am Himmel wor kei mei ze iwerzeegen.
Gudd 260 Joer duerno – also haut – stelle mer fest: D’Naturkatastrophen hu mer zwär nach ëmmer net am Grëff, dofir kann de Mensch där Katatsrophen mettelerweil awer selwer ausléisen. Gouf et beim Klimawandel nach e langen an ausféierlechen Debat ob wouer oder erfond, sou hällt d’Austierwen vun Fauna a Flora kee mei wirklech fir fake News.
Et sinn och nët nëmmen Insekten a Villecher déi verschwannen - Schätzungen ginn dovun aus dat 20-25000 Arten all Joer vum Ärdbuedem verschwannen – 2016 sinn sou 2/3 vu der Koralllen am australeschen Great Barrier Reef gestuerwen. Léisungen ginn et weder vun der Wessenschaft nach vun der Politik. Strategie fir keng Froën ze stellen fir net mussen drop ze antwerten ass een Spill op Zäit, wou et eis herno sou geet eis wéi den DInosaurieur, an dat ganz ouni Meteorit!
Fir de Neil Postman wär schons an den 80er Joeren kloer mir géifen eis zu doud amuséieren andeems mer virun Televisionen vun Dommheet géifen zu Gronn goën. Dat d’Spassgesellschaft, déi iwregens um Krautmaart schons emol politesch hier Enn erklärt kruet, déi egene Biosphäre géif kaschten dat ass och fir Kutlurpessimisten nei. D’Welt geet net ënner awer fir de Mënsch ass geschwënn keng Platz méi do – d’Responsabilitéit leit bei eis all oder wéi géif den Orwell soën: bei jidferengem d’selwecht a bei Verschiddenen méi.