Ons Sprooch
Kënnt lo alles beieneen? Zu eiser Sprooch, wuelverstan. – De Sproochmates feiert säi grousse Gebuertsdag: den Alain Atten war jo dobäi, wéi eiser Här eis Sprooch gezammert huet – a mir Lëtzebuerger se lo a Stécker schloen.
D’Andrea Nahles kennt well jiddwereen, d’Annegret Kamp-Karrenbauer och, just dat de Numm eis schlecht iwwer d’Zong kënnt. Hir jeeweileg Sproochen oder Dialekter wuel: Eifeler héiert sech u wéi Eislécker nach vrum Krich, a Saarlännesch kéint ausgerutschtent Lëtzebuergesch sinn. – Firwat awer soe mir dann, mir hätten z.B. e Kontrakt “soussignéiert” aplaz “ënnerschriwwen”? Well et kee Vertrag fir eis Sprooch ass. Mir “parléieren” a plapperen franséisch verfaasste Virlagen no.
Soll et dofir net klip a kloer eis Devise ginn a bleiwen: wann et e lëtzebuergescht Wuert fir eng Saach gëtt, dann huel daat; a net en auslännescht, a wann “agelëtzebuergescht” soll ginn, dann éischter aus dem däitschen wéi aus dem franséischen. –
Eis sougenannten Villsproochegkeet ass souwisou eng fromm Ligen oder e Relikt. –
E Wuert zur Schreiwweis “Ortographie” oder “Ortografie”.
Mir hu wuel eng öffentlech, komplizéiert an onlogesch Rechtschreiwung. – D’siev dann.
Sollte mer awer net parralel dozou dëse Wee goen: do wou mer ëmmer méi lëtzebuergesch schreiwen – um Handy nämlech oder op ähnleche Geräter – solle mer net do déi gehéiert Sprooch mat Buchstawe festhalen – schéin wéi de Mond ons gewuess ass, fräi nom Luther, quitte datte mer eis a groussen Zich un déi däitsch Schreiwweis halen? Haptsaach: schwétzen sou wéi eis Pappen a Grousspappen nach nom Krich geschwat hunn.
Allerdéngs verlaangen dës zwee Réit datt mer op eis eeje Sprooch Uecht ginn a se hidden.
A Frankräich hu se dofir annerhallef Akademien an a Groussdäitschland den Duden – eng summa orthografica.
Mir sollten dat am Kapp hunn a behalen. Inch Allah, soen dann eis léif Matbierger.
Paul Kremer