RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 30/03/2018


Listen Later


Mënschlech Freed wëllt sech ausdrécken – an dat geschitt virun allem, wann e Fest gefeiert gëtt. Esou an de Reliounen. Fir d’Judden am Alen Testament war d’Freed virun allem verbonne mat der Wallfaart op Jerusalem an do mat inbrünsteg gefeierte Gottesdéngschter am Tempel. Bei de Griichen goung et ëm rauschend, extatesch Fester besonnesch ëm de Gott Dionysos, mat Wäin, Poesie, Musek an Danz.

Déi fréi Chrëschten hunn d’Traditioun vun de Judden an de Griichen weidergefouert. De Gottesdéngscht war fir si déi Plaz, wou se zesumme Freed erlieft hunn. A scho ganz fréi hunn se d’Ouschterfest gefeiert. Doran hu se d’Erweche vun der Natur an d’Erënnerung un den Exodus vum Vollek Israel aus Egypten erfëllt gesinn, nämlech an der Operstehung vu Jesus Christus vun den Doudegen. Se hu gefeiert, dass d’Liewen am Kampf géint den Dout méi staark ass, dass d’Freed géint d’Leed wäert gewannen. Se drécken hir Ouschterfreed aus an Danz a Gesang. Am Mëttelalter huet de Paschtouer a senger Ouschterpriedegt d’Leit duerch Witzen un d’Laache bruet. D’Ouschterlaache sollt manifestéieren, dass d’Liewen iwwert all Ofstierwen a Keelt erhabe wier a sech ging duerchsetzen. Domat gouf d’Fest eng Zoustëmmung zur Welt an en Oppesinn fir Gott. A wann, laut Ernst Bloch, zum Fest ëmmer d’Heemecht gehéiert, dann deet sech um Ouschterfest eng Fënster op gewëssermoossen op eng éiweg Heemecht, iwwer den Dout eraus.

Mat der Ouschterfreed ass et bei den éischte Chrëschten ugaangen. Ëmmer méi huet sech am Laf vum Kierchejoer d’Bedierfnës gewisen, nei Fester ze feieren. Esou sinn, fir den zentrale Personnage Jesus Christus ze beliichten, Chrëschtdag, Christi Himmelfahrt a Päischten derbäikomm, schlisslech och nach aner Feieren.

Vill dongen sech haut schwéier mat chrëschtleche Fester. A vill kënne sech iwwer näischt méi freeën. Narzisstesch ëm sech a seng Problemer kreesen, d’Onloscht zelebréieren, ass haut keng Seltenheet. Den Anselm Grün recommandéiert, äis op d’Fest anzeloossen, och wann et äis net derno ass. Da kommen ech a Beréierung mat der Freed, déi ëmmer scho latent a mir selwer ugeluecht ass an déi vläicht momentan nëmme verdeckt ass. „Wenn ich mich auf ein Fest einlasse, berührt mich die Freude, die in mir ist“, schreift de bekannte Benediktiner.

An deem Sënn: e frout Ouschterfest!


Georges Hellinghausen

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners