RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Alain Wagner, 04/07/2016


Listen Later

D’Europäesch Unioun an direkt Demokratie – dat schéngt net esou richteg zesummenzepassen. Bal all Kéiers wa probéiert gëtt, dem Integratiounsprozess iwwert e Referendum eng basisdemokratesch Legitimatioun ze ginn, ass d’Erniichterung grouss. Zum Beispill ass schonn 2005 de Verfassungsvertrag esouwuel a Frankräich wéi och an Holland duerchgefall. Aner Beispiller ginn et der vill. De Brexit ass deemno just de virleefegen Héichpunkt vun enger laanger Panneserie.   
D’Ursaache vun dësem Negativtrend si schonn oft kommentéiert ginn. Gewënscht gëtt sech virun allem e manner bürokratescht a méi soziaalt Europa. En Europa, dat op weltpolitescher Bühn mat enger Stëmm schwätzt, ouni awer zu engem faden Eenheetsbräi ze verkommen. En Europa, wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet, an net iergendwelch Lobbyen.
Méi allgemeng stellt sech awer och d’Fro, wéini e Referendum e wierklech sënnvollt Instrument duerstellt. Eng gewëssen Dosis un direkter Demokratie ass ouni Zweifel wënschenswäert, well se all Mënsch erlaabt, u konkreten Entscheedungsprozesser                         deelzehuelen an doduerch Politik méi gräifbar gëtt. Wichteg ass dobäi net nëmmen d’Ofstëmmung selwer, mä och d’Tatsaach, datt am Virfeld an der ganzer Bevëlkerung diskutéiert an argumentéiert gëtt.
Anerersäits ginn et och Situatiounen, wou e Politiker de Courage muss hunn, seng Verantwortung ze iwwerhuelen a méi wäit wéi den Zäitgeescht ze kucken. Sou huet zum Beispill de François Mitterrand d’Doudesstrof ofgeschaaft, obwuel deemools eng Majoritéit vu Fransousen géint eng Abolitioun war.
Weider mécht e Referendum och nëmmen da Sënn, wann d’Leit ëmfaassend informéiert sinn an hir Decisioun en connaissance de cause kënnen huelen. Dat ass méiglech, wann et ëm e punktuellen, kloer ofgegrenzte Sujet geet, wéi zum Beispill hei zu Lëtzebuerg bei der Debatt iwwer d’Wahlrecht.
Ganz anescht ass et awer, wann de Sujet sech esou komplex duerstellt, datt e fir den eenzelne Bierger net ze iwwerkucken ass. A grad dat ass de Problem bei deene groussen europapolitesche Referenden. Sou gouf 2005 iwwer en immens techneschen Text vu ronn 400 Säiten ofgestëmmt, vun deem déi meescht kaum eng Zeil gelies haten. An esou Konditiounen ass e Referendum just eng Alibiveranstaltung – an dat ganz onofhängeg vum Resultat.
Och beim Brexit kann ee kaum dovun ausgoen, datt déi meescht Wieler d’Konsequenzen vun hirem Choix wierklech iwwerbléckt hunn. D’Resultat entspréngt manner engem rationellen Ofweien vu pro a contra wéi engem instinktive Bedürfnis, de Waasserkapp vu Bréissel eemol sou richteg ze rëselen. E Bedürfnis, dat ee wuel zum Deel noempfanne kann. Allerdéngs riskéiert de Präis fir dëse kuerze Moment vu Jubilatioun relativ héich auszefalen.             
Sécher : Direkt Demokratie huet ëmmer eppes Erfrëschendes. Mä wann dat Ganzt sech um Terrain vun emotional gefierftem Hallefwëssen ofspillt, schmaacht d’Erfrëschung iergendwéi no Demagogie.  

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners