RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Alain Wagner, 08/05/2017


Listen Later


Vum karthagesche Feldhär Hannibal gëtt erzielt, e wier a sengem Exil zu Ephesus eemol invitéiert ginn, sech e Virtrag vun engem eminente lokale Philosoph unzehéieren. Wéi den Zoufall et wollt, huet dëse Philosoph, e gewësse Phormio, grad deen Dag stonnelaang iwwer d’Aufgabe vun engem Generol dozéiert. Dësen Optrëtt huet den Hannibal folgendermoosse kommentéiert : « Ech hunn, sot en, a mengem Liewe scho vill Unikume begéint, mee deen do iwwertrëfft alles. »
     D’Moral vun der Geschicht läit op der Hand. De Phormio ass de Prototyp vum naiven Theoretiker, deen héichtrabend Rieden iwwert e Beräich hält, an deem e glat a guer keng  praktesch Erfahrung huet. An den Hannibal, deem seng taktesch Finessen anscheinend haut nach a verschiddene Militärakademië studéiert ginn, huet et zimlech bosseg fonnt, datt grad hie vun esou engem Braddeler sollt beléiert ginn.   
      « Phormioen » gesäit een hautdesdaags a ville Beräicher. En éischter harmlost Beispill ass nach de Sport. Do ginn et op der Tribün oder virun der Tëlee onzieleg Experten, déi ganz genau mengen ze wëssen, wéi de Spiller flanken, den Trainer auswiesselen oder den Arbitter päife soll. Mat engem Glas Béier am Grapp wierkt eben alles e bësse méi liicht.  
    Och d’Schoul ass eng regelrecht Spillwiss fir esou Leit. Am Enseignement ass am Laf vun de Joren en theoretesche Waasserkapp erugezillt ginn, deen ëmmer weider wiisst.            Do gëtt permanent expertiséiert, pilotéiert, evaluéiert a konzeptualiséiert – an dat alles a sécherer Distanz zum Klassesall. Natierlech ass et wouer, datt d’Schoulhalen sech net op e puer Kicherezepter beschränke soll an dowéinst e reflexive Kader brauch. Allerdéngs muss een oppassen, datt um Enn de Kader net méi grouss ass wéi d’Bild, dat soll encadréiert ginn.      
     Regelrecht geféierlech gëtt de Phormio-Phänomen awer an der Politik, wou en oft e Symptom vu bëllegem Populismus ass. E krasst Beispill ass de briteschen Euroskeptiker Nigel Farage, dee virum Referendum iwwert de Brexit de Leit dat Blot vum Himmel versprach huet, duerno et awer virgezunn huet, den Challenge vun der Praxis ze vermeiden. Kritiséieren an Téinen ass eben ëmmer méi bequem, wéi reell Responsabilitéiten z’iwwerhuelen.
Dës Erfahrung huet mëttlerweil och den Donald Trump gemaach, dee kierzlech zouginn huet, et wier awer alles net esou einfach. Vum Meeschter vun de « fake news » ass esou eng offen Ausso erstaunlech – mä net rassurant. Grad an dësen Zäite bräicht Amerika alles anescht wéi e schwaache President, dee wéi e schlecht virbereete Schüler wierkt, vu politescher Praxis wéineg Ahnung huet an e Spillball vu senge Beroder ass.  Zum Hannibal senger Zäit war de Phormio just e schrullege Philosoph, deem ganz sécher keen eng Arméi uvertraut hätt. Haut wunnt de Phormio am Wäissen Haus, befënnt iwwer Syrien oder Nordkorea an huet d’Hand um Atomknäppchen.    

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners