RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Alain Wagner, 15/02/2017


Listen Later


    
Eng Beroderin, déi Ligen als alternativ Fakte bezeechent. E sougenannte Chefstrateg, dee vum Krich faszinéiert ass. Eng Bildungsministesch, déi d’ëffentlech Schoul am léifste géing ofschafen. Déi nei Equipe am Wäissen Haus vermëttelt engem zum Deel den Androck vun enger politescher Geeschterbunn. An nach ëmmer stellt sech d’Fro, wéi esou Geeschter vum Wieler geruff konnte ginn.
D’Resultat mat e puer Hackerattacken ze erklären, ass ganz sécher ze kuerz gegraff. Wesentlech méi gravéierend ass d’Tatsaach, datt e Land, dat aneren esou gäre Lektiounen a Saachen Demokratie erdeelt, sech de Luxus vun engem total archaesche Wahlsystem leescht.
A praktesch alle Bundesstaate gëllt de Prinzip « The winner takes it all », duerch deen och déi knappste Victoire wéi en eestëmmege Plebiszit verrechent gëtt.  D’Gesamtresultat kann doduerch entscheedend verfälscht ginn. Den Donald Trump hat bal dräi Millioune Stëmme manner wéi seng Géignerin a krut trotzdem däitlech méi Wahlmänner zougesprach. Deeselwechte Szenario gouf et schonn 2000 bei der Wahl vum                          George W. Bush. D’Konsequenze si bekannt : dräi Joer duerno koum et zum Irak-Krich, deem seng desaströs Folge mir haut nach spieren.
Iwwer all prozedural Froen eraus weist de Phänomen Trump, wéi geféierlech en Ausufere vu sozialen Ongläichheete ka ginn. E Wieler, deen näischt méi ze verléieren huet,  empfënnt iergendwann just nach d’Bedürfnis, dat ze maachen, wat d’Fransousen « renverser la table » nennen. Tragesch ass, datt vun dëser Roserei grad en Opportunist profitéiert huet, deen alles anescht wéi d’Negatioun vum Establishment ass, mä d’Abuse vum Finanzkapitalismus op eng scho bal karikatural Manéier verkierpert. Och aner Stréimungen huet den Trump fir seng Zwecker kanaliséiert – virun allem en typesch amerikaneschen, mat vill Bigotterie duerchsatene Chauvinismus, dee grad an der « Amérique profonde » wäit verbreet ass.
Fir déi europäesch Politiker sollt dat Ganzt eng lescht Warnung sinn. Wann engersäits  sozial Ongläichheeten zouhuelen, anerersäits eng sougenannt Elite sech ëmmer erëm duerch Intrigen a Skandaler diskreditéiert, dann hu Populiste liicht Spill a brauche just permanent déiselwecht Phrasen ze dreschen. Virun dësem Hannergrond ass zum Beispill dat lamentabelt Bild, dat am Moment déi franséisch Politiker ofginn, eng regelrecht Gefor fir d’Demokratie.
Vläicht wier et de Moment, erëm dat ze entdecken, wat de Montesquieu                               als Fundament vun der Demokratie ausgemaach huet, nämlech d’Bereetschaft, zu all Moment de Gemeinschaftssënn iwwer perséinlech Interessen ze stellen. De Montesquieu huet dofir de Begrëff « la vertu » benotzt. E Wuert, dat wuel e bësse verstëbst kléngt. An awer : eis Politiker wiere gutt beroden, e bëssen iwwert dëse Begrëff nozedenken, anstatt hir Zäit op Facebook oder Twitter ze verplemperen. Zënter dem 20. Januar ass hir Verantwortung vis-à-vis vun der Demokratie e gutt Stéck méi grouss ginn.  

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners