RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Alain Wagner, 15/09/2017


Listen Later

A sengem Roman « Das Glasperlenspiel » entwërft den däitschen Auteur Hermann Hesse eng ganz eegenaarteg Welt. D’Geschicht spillt a Kastalien, enger fiktiver Regioun, déi vun engem Netz vun Eliteschoulen a klouschterähnlechen Institutiounen duerchzunn ass. An dëser sougenannter pädagogescher Provënz widmen d’Studenten an hir Professeren sech ausschliisslech reng kontemplativen Aktivitéiten. Si meditéieren, musizéieren, befaassen sech mat mathemateschen Abstraktiounen, tausche philosophesch Gedanken aus – a si ganz wäit ewech vun der politescher a gesellschaftlecher Aktualitéit.    
    Ob Kastalien als eng Utopie oder eng Dystopie ze betruechten ass, dat ass natierlech déi entscheedend Fro. Aus moderner Siicht schéngt d’Saach kloer ze sinn : dem Hesse säi Roman illustréiert e Bildungsverständnis, mat deem mir haut net méi vill ufänke kënnen – eng Visioun vu Bildung als engem verstëbsten Elfenbeintuerm, an deem ee sech virun de reelle Problemer ka verstoppen a wou d’Lerninhalter e renge Selbstzweck bleiwen. Dës kritesch Interpretatioun gëtt vum Schluss vum Roman deelweis bestätegt : trotz engem brillante perséinleche Parcours decidéiert den Haaptpersonnage, dësem zäitlosen an dofir weltfriemen Universum de Réck ze kéieren a sech den Erausfuerderunge vun der Realitéit ze stellen.
    An awer ass de Sënn vun der Geschicht extrem zweedeiteg. Am Ufank vum Roman gëtt déi vergeeschtegt Welt vu Kastalien nämlech och als eng noutwendeg Reaktioun op eng allgemeng Verflaachung vum Bildungsbegrëff duergestallt. An deem Kontext beschreift den Hesse eng Gesellschaft, déi eiser net ganz onähnlech ass – eng Gesellschaft, déi et verléiert huet, de Saache wierklech op de Fong ze goen, a wou Bildung mat iwwerflächlechem Gebraddels verwiesselt gëtt, an dat laang viru Facebook an Twitter. Dëser Entwäertung vum Wëssen a vun der Sprooch soll an de kastalesche Schoulen eng nei geeschteg Exigenz entgéintgesat ginn.     
       Dem Hesse säi Kastalien ass also weder eng Utopie nach eng Dystopie, mee éischter eng Metapher fir déi Fräiheet an déi Eegestännegkeet, ouni déi Bildung a Kultur sech net entfale kënnen. Sécher muss d’Schoul den ekonomeschen a gesellschaftleche Realitéite Rechnung droen. An awer däerf si sech net an eng reng utilitär Schabloun presse loossen. Eis Schüler si keng sougenannt Humanressourcen, mee jonk Mënschen, déi nach op der Sich no sech selwer sinn. Dofir ass et wichteg, si mat enger méiglechst breeder Palette vu Wëssensgebidder vertraut ze maachen, fir datt jidderee sech dat eraussiche kann, wat hie perséinlech beräichert a weiderbréngt. A wann et wouer ass, datt d’Schoul en Déngschtleeschtungsbetrib ass, da soll se an éischter Linn dem ganze Mënsch déngen. Grad an onsécheren Zäiten, déi vun Onverstand, Fanatismus an Iwwerflächlechkeet gepräägt sinn, ass esou eng ganzheetlech humanistesch Bildung alles anescht wéi e Luxus!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners