RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Alain Wagner, 16/09/2016


Listen Later


De Schüler op d’Zukunft virbereeden – dat ass eng Floskel, déi bei all Rentrée erëm aus dem Hutt gezaubert gëtt. Widderleeë kann ee se schwéier. D’Schoul ass ganz sécher keng Spillwiss fir Nostalgiker. An awer : et mécht een e bësse nodenklech, datt d’Zukunft hei implizit als eppes duergestallt gëtt, dat haut scho feststeet an un deem ee sech               z’orientéieren huet. Dobäi soll jo, grad an enger demokratescher Optik, d’Zukunft nach onbestëmmt sinn an duerch dem Mënsch seng Entscheedungen no an no entwéckelt ginn.   
Dës Visioun vun der fräier Zukunftsgestaltung schéngt awer mëttlerweil just nach e fromme Wonsch ze sinn. Déi aktuell Entwécklung vun der Mënschheet gläicht éischter engem Prozess, dee sech selwer steiert a beschleunegt. Besonnesch d’Tendenz zur Digitaliséierung an zur Robotiséierung féiert zu Perspektiven, déi engem Angscht maache kënnen.
Laut rezenten Etudë kéinten innerhalb vun den nächsten zwanzeg Joer theoretesch iwwer 40% vun den haitegen Aarbechtsplaze vun intelligente Maschinne besat ginn. Serviceroboteren an der Krankebetreiung, autonom Computeren am Management, Dronen, déi Wuere liwweren – dat alles ass keng Science-fiction méi. An och wann een d’Rasanz vum technesche Fortschrëtt iergendwéi bewonnere kann, riskéiert de Mënsch dobäi, sech selwer an den Abseits ze stellen. Well ob et genuch nei Beruffer wäerte ginn, fir d’Verschwanne vun deenen alen ze kompenséieren, ass alles anescht ewéi sécher.   
Och am Enseignement stellt sech d’Fro vun der Digitaliséierung méi ewéi jee.                     A Florida gëtt et zënter e puer Joer vereenzelt Klassesäll ouni Proff. D’Léiere fënnt ausschliisslech iwwer Computer statt, an d’Klasse gi just vun engem Assistent betreit, dee bei technesche Problemer agräife kann.
An Europa si mir glécklecherweis nach net esou wäit. Mä d’Stoussrichtung ass kloer, an et gëtt fläisseg an dee sougenannten E-Learning investéiert. Dobäi si vill Bildungsfuerscher skeptesch, wat d’Efficacitéit vun dëser Approche ubelaangt. Esouguer déi neoliberal ugehauchte Pisa-Studie kënnt zu engem erstaunleche Resultat : déi Länner, deenen hir Schoulen di nei Technologië méi notze wéi den Duerchschnëtt, hu keng besser, mä däitlech méi schwaach Resultater!
Dës Conclusioun bestätegt am Fong nëmmen dat, wat eng Rei Hirnforscher schonn zënter laangem soen : eng iwwerdriwwen Notzung vu modernen Technologië schuet der Konzentratioun, lenkt vum Wesentlechen of a féiert zu enger méi iwwerflächlecher Assimilatioun vum Wëssen. Do passt et an d’Bild, datt vill Kadere vu Silicon Valley hir Kanner an eng Privatschoul schécken, wou Computere wéineg bis guer net agesat ginn ! Si wësse wuel firwat…         
Den Enseignant aus Fleesch a Blutt schéngt also nach eng Zukunft ze hunn. An iwwer all Fro vu renger Efficacitéit eraus, ass et hien, deen an de Léierprozess dat erabrénge kann, wat eng Maschinn ni wäert leeschte kënnen : mënschlech Verbonnenheet, Leidenschaft, Empathie an net zulescht eng Grëtz Humor. An deem Sënn : eng gutt Rentrée!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners