RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Alain Wagner, 16/12/2016


Listen Later

An enger Welt, déi sech ëmmer méi séier verännert, ass et iergendwéi rassurant, datt et nach fix Ritualer gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gehéiert all dräi Joer d’Lamentéieren iwwer PISA genau esou zur Adventszäit wéi d’Inflatioun vu Schockelaskleesercher. An och wann déi allgemeng Hysterie, déi 2001 no der éischter Etude lassgebrach war, sech an Tëschenzäit geluecht huet, heescht et ëmmer nach op ville Plazen, eis Schoul wier an enger « Schiflag ».
    Dobäi weist e méi geneeë Bléck op PISA, datt d’Zuelen net onbedéngt esou schlecht sinn, wéi se gemaach ginn. Wann een de jeeweilegen Duerchschnëttswäert vun de Schüler mat an ouni Migratiounshannergrond kuckt, läit Lëtzebuerg an deenen zwou Kategorien iwwert der OCDE-Moyenne. Dat schlecht Gesamtresultat kënnt eréischt dann zustane, wa béid Gruppen an een Dëppe gehäit ginn. Well zu Lëtzebuerg aussergewéinlech vill Schüler e Migratiounshannergrond hunn a well dës Kanner sech am Allgemenge méi schwéier an der Schoul dinn – bei eis genau esou wéi an anere Länner –, ass et net verwonnerlech, datt mir an engem ondifferenzéierte Schlussklassement no hanne rëtschen.
Schlëmm ass dat ganz sécher net. De PISA-Ranking ass net mat de selwechten Aen ze kucke wéi zum Beispill d’FIFA-Weltranglëscht am Fussball. E Klassement, bei deem deene ganz ënnerschiddlechen demographesche Kontexter keng Rechnung gedroe gëtt, ass am Fong e Muster ouni Wäert.
Interessant ass allerdéngs d’Feststellung, datt sech zënter 2001 eist Gesamtresultat net verschlechtert huet, obwuel eis Schoulpopulatioun wesentlech méi heterogen ginn ass. Wann eis Schoul wierklech esou inefficace wier, wéi heiansdo behaapt gëtt, hätte mir missen drastesch ofsacken. Dat ass awer net de Fall. D’Integratioun schéngt also iergendwéi nach ze klappen.
Iwwert de Sënn vun der Studie kann een natierlech streiden. Op där enger Säit muss een unerkennen, datt se eng Rei wichteg Kompetenzen ofdeckt, wéi zum Beispill Textverständnis, mathematesch Rigueur a logescht Denken. Op där anerer Säit gi grad déi Fähegkeeten net gepréift, déi d’Eegenaart vun eisem Schoulsystem ausmaachen, wéi zum Beispill déi aktiv Beherrschung vun e puer Sproochen. Och historesch Bildung bleift bei PISA op der Streck : op een zum Beispill mengt, den Napoleon wier e réimesche Keeser gewiescht, ass de sougenannte Bildungsexpertë vun der OCDE häerzlech egal.
PISA sollt eis also keng schloflos Nuechte méi bereeden. Anerersäits kënne mir eis natierlech de Luxus net leeschten, d’Hänn an de Schouss ze leeën an ze mengen, alles wier perfekt. Déi wuessend Heterogeneitéit vun der Bevëlkerung ass a bleift fir de Bildungssystem eng riseg Erausfuerderung. Nei Weeër bei der Alphabetiséierung, e méi diversifiéierte Sproochenunterrecht, e besseren Equiliber tëschent abstrakten a prakteschen Inhalter – dat alles si Chantieren, déi vill Kreativitéit a Fangerspëtzegefill verlaangen. Mat Jéimeren iwwer PISA a populisteschem Schoulbashing komme mir do ganz sécher kee Schratt weider.       

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners