Gefall huet et mer net, d’Resultat vum briteschen Referendum, awer nach manner déi demagogesch an onverantwortlech Verlugenheet virdrun an duerno.
Ech hu mech awer och gefrot, wat déi britesch Regierungen da bäigedroen hätten zu engem méi sozialen an demokrateschen Europa.
Vun der Madame Thatcher, déi sech drugin hat, déi britesch Gewerkschaften ze zerschloen, koum bekanntlech déi fatal Formel „There is no alternative“, déi sech iwwert ganz Europa verbreed huet. Fir déi ultraliberal, onsozial Ausriichtung vun der Europäescher Unioun duerchzedrecken. Dat Geschwätz vun der Alternatilosegkeet as matverantwortlech as fir déi falschst an ellenst Alternativ, déi et get: friemefeindlech, ondemokratesch, nationalistesch Stëmmungen a Stréimungen an Europa.
An elo? Eng forcéiert zentraliséiert Integratioun, vun där ech elo erem héieren, iwwert d’Käpp vun de Leit ewech, géif déi Tendenzen nach bestäerken.
Awer och de Réckzuch op den Nationalstaat kann net den Auswee sin. Kann een am Nationalstaat de Klimawandel besser stoppen oder de Finanzkapitalismus entmuechten? Get doduerch d’Konkurrenz tëschent de Staaten net nach méi grouss, op Käschten vu soziale Rechter, Steiergerechtegkeet an nohalteger Entwécklung?
Datt deen neien Nationalismus och net zu méi Demokratie féiert, gesi mer an Ungarn a Polen. D’Beispill Griechenland huet awer och gewisen, wéi schwéier et as, eng nei Politik vun demokrateschen a soziale Rechter duerchzesetzen, wann et net eng staark europäesch Bewegung an déiselwecht Richtung get.
Dat bräichten mer also: eng breet gesellschaftlech Bewegung fir e soziaalt, demokratescht an oppent Europa, déi vun den europäesche Bierger selwer gedroe get. An dat esouwuel um nationalen wéi um europäesche Niveau.
Do get et zwar schons Usätz, ma et as net einfach. Awer wann dat net gelengt, kënnt Europa séng Zukunft schon hannert sech hun.
Därf een optimistesch sin? Den italieneschen Philosoph a Politiker Antonio Gramsci huet eis aus aus vill méi däischteren Zäiten, nämlech aus dem Mussolini séngem Prisong, eng schéin Iddi mat op de Wee gin: wann de Verstand zum Pessimismus tendéiert, bleiwt nach ëmmer den Optimismus vum Wëllen.