RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Anne Goeres, 13/09/2017


Listen Later

Zäit schenken
Merci Denise, Nicole, Brisch, Romain a Guy. Merci  Liliane, Monique, Edmée a Pier. E riseg grousse Merci un Iech an all Är Kollege fir déi Stonnen, déi Deeg an déi Wochen déi dir schenkt.
Jo effektiv, Sie gehéieren zu deene Leit, déi Stonne schenken. Einfach esou. Ouni eppes Amplaz z’erwaarden. Ouni ze zécken. Ouni ze knouteren oder ze soueren.
Well knouteren a souere kenne mer all immens gutt: d’Iessen wat net schmaacht, den Noper dee seng Heck net schneit, den iwwerhieflechen Aarbechtskolleg, d’Wieder wat nie esou ass wei mer et gären hätten oder esou guer de Politiker, deen d’Wurscht einfach net gutt genuch brode kann.
Wéi wier et da wann all déi negativ Energie do géing benotzt gi fir eppes Guddes ze maachen ? Fir do ze hëllefen, wou Nout um Mann oder un der Fra ass?  Fir an de Genoss ze kommen Zäit ze schenken?
Zäit schenken ? Elo si mer erëm beim Thema. Mee wat heescht dat iwwerhaapt „Zäit schenken“ ? Abee ‘t ass ganz einfach: et geet drëms sech d’Fräiheet ze huelen, d’Loscht ze hunn an d’Freed z’erkenne fir sech anzesetzen an eppes hier ze ginn. A sief et nëmmen e puer Stonnen am Joer...
Am Allgemenge kann een och vun Engagement, Benevolat oder Solidaritéit schwätzen. Dat sinn eigentlech 3 ganz verschidde Wieder an dach passen se wei d’Fauscht op d’Aa beieneen.
Sech solidaresch engagéieren a Benevole ginn heescht awer net nëmmen eppes ginn, mee och vill kréien. Immens vill. Déi geschenkten Zäit ass eng wäertvoll Zäit an een deen dat erkennt, deen huet och d’Méiglechkeet de Retour dovunner z’erliewen : sozialen Austausch, eegen Zefriddenheet, positive Feedback akasséieren.
Also ouni op d’Silvesternuecht an hier gutt Virsätz ze waarden, kéinte mer et dach einfach emol probéieren :
•    net méi esou vill iwwert d’Iessen ze knouteren, mee vläit ze hëllefen d’Zopp un déi manner bemëttelt auszedeelen,
•    net méi esou laang iwwert den Noper hierzefalen, mee am Duerf eng Hand mat unzepaken
•    sech net méi um Aarbechtskolleg stéiere loossen, mee seng eege professionell Kompetenze munchmol anere fir näischt zu Verfügung ze stellen,
•    net andauernd wéinst dem Wieder ze soueren, mee sech eventuell fir d‘Ëmwelt anzesetzen
•    a wat de Politiker an déi richteg gebrode Wurscht betrefft, do géing ech elo mol behaapten, do ka jo jiddereen sech Zäit huelen och eng Hand mat upake fir Léisungen auszeschaffen.
Merci Denise, Nicole, Brisch, Romain a Guy. Merci  Liliane, Monique, Edmée a Pier. E riseg grousse Merci un Iech an all Är Kollege fir déi Stonnen, déi Deeg an déi Wochen déi dir schenkt.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners