RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Anne Goeres, 14/02/2018


Listen Later

Haut op Vältesdag, denken ech eigentlech u muer, de Weltkannerkriibsdag.

Ech denken un déi sëllech Sätz déi ech an de leschte Joren héieren hunn, an esou guer nach ganz rezent op enger Konferenz hei zu Lëtzebuerg:
• "Kriibs bei Kanner ? Dat gëtt et jo net esou oft !"
• "Also wann haut e Kand Kriibs huet, da gëtt et jo geheelt mat all de neien Therapië vun deenen ëmmer geschwat gëtt..“
• "Kriibs ass Kriibs - op bei Kanner oder bei Erwuessenen, et ass jo eigentlech dat Selwecht.“

Abee nee: et ass absolut guer net dat Selwecht!
Neen: net all Kanner gi geheelt vu Kriibs an nach eng kéier neen: net all Kanner, déi hire Kriibs iwwerliewen, hunn no der Behandlung e ganz normaalt Liewen.

Awer jo: Kriibs bei Kanner ass glécklecherweis seelen a gëtt et net oft. Mee gleeft mer, wann et säin eegent  Kand trefft, dann ass et ganz egal op dëst eng seelen oder heefeg Krankheet ass, well do fällt jidderengem de Plafong op de Kapp.

Wann ee bis weess dat säi Kand Kriibs huet, denkt ee vir d’alleréischt un d‘Liewen an un den Doud an et hofft een dat säi Kand iwwerlieft, dat d'Kand et packt.
Duerno, wann d‘Dokteren de Protokoll annoncéieren, hofft een dat säi Kand déi bescht méiglech Medikamenter kritt: se sollen de Kriibs futti maachen an de Rescht vum Kierper gesond loossen. Hei happert et schon, well all Patienten hu fréier oder spéider Niewewierkungen.
• Éischtens déi kuerzzäiteg Niewewierkunge wei Gewiichtsverloscht, Iwwelzegkeet, Geschmaachsverännerungen, Hoerverloscht, Zännfleeschproblemer, ofgeschwächten Neel, Middegkeet, a.s.w., d’Lescht ass laang.
• Zweetens, d'laangzäiteg Niewewierkunge wei Häerzproblemer, Nierenschwieregkeeten, motoresch Schwieregkeeten, Sterilitéit a bal systematesch neurologesch a psychologesch Folgen.

Tjo, wei kann dat da sinn, dat ee vun all den neien Therapien héiert a bal all Dag erëm eppes vun enger phenomenaler Entdeckung vun engem Fuerscher liest ? Ma ganz einfach , des Innovatiounen si gréisstendeels nach net bei de Kanner ukommt. Hier Medikamenter sinn am Duerchschnëtt esou aal wei meng Bomi.
Doduerch kann een sech effektiv engersäits freeën, dat haut 80% vun de Kanner u Kriibs geheelt ginn, an anersäits bedaueren, dat fir des Kanner d’Statistiken nëmme 5 Joer no der Kriibsbehandlung matrechnen, ouni d‘Niewewierkunge mat a Bezuch ze zéien.

Fazit : d’Fuerschung muss weider gedriwwe ginn an d’Pharmaindustrie muss méi an nei Medikamenter fir Kanner mat Kriibs investéieren. Zur gudder Lescht : all schwéier krankt Kand soll kennen eng Chance op Heelung hunn.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners