RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Anne Goeres, 15/06/2018


Listen Later




De Politiker

Haut wollt ech meng Carte Blanche iwwert de Politiker an d’Politikerin maachen.
Mir hunn an eiser Gesellschaft d’Gewunnecht ëmmer dem aneren d’Schold vun allem ze ginn. Ei, dat maache mer gären an dat kenne mer och ganz gutt.
•    Geet et zum Schluss vum Mount am Portmonni net duer, da läit et un der ze niddreger Paie an net genuch Staatlech Hëllef ;
•    Steet ee mam Auto am Stau, da sinn déi sëllech Bauaarbechte Schold an et goufen alt erëm déi falsch politesch Decisioune geholl ;
•    Klappt eppes am Schoulsystem net, dat ass forcement de Minister näischt ;
•    An beim geréngsten alimentairë Skandal bläre mer géint Europa déi net op Zack waren oder sech ze vill dra gemëscht hunn a Schold sinn.
Lo mol d’Hand op d‘Häerz, wei wär et dann, wa mer all kéier, wou mer eppes géint en aneren ze soueren hunn, mol géinge probéiere selwer no Léisungen ze sichen. A mengen Ae muss een haut, als Bierger, scho bal Zivilcourage hunn, fir sech an d‘Politik z’engagéieren. Kaum mellt een dat en sech an d‘Politik engagéiert, schonn hagelt et u Kritik am Volleksmond : ze jonk, ze al, keng Erfarung, ze vill Erfarung, an esou weider... d’Lescht ass laang.
Perséinlech fannen ech et immens dat een a sengem Liewen iergendwann eng Kéier decidéiert niewent senger Aarbecht Zäit fir d’Politik hierzeginn. Op Fra oder Mann. Politik bedreiwen heescht jo awer och sech z’informéieren, Meenungen hunn, bereet sinn sech fir e Projet, eng Saach anzesetzen un déi ee gleeft a prett ze sinn fir richteg vill ze schaffen. E Politiker muss och däerfen seng Meenung kennen änneren, och däerfen sech iren. De Politiker ass keen Iwwermënsch, mee eng Persoun déi fir sech decidéiert huet, ze probéieren eppes fir säi Land, säi Kontinent ze maachen. Haut well ech all dëse Politiker Merci soe fir hien Asaz am Alldag.
Grad elo, e puer Méint virun de Wahlen trefft een iwwerall op se : elo kann en erëm lästeren si kéime just Stëmme sichen, mee wei se et och maache, wär et net gutt. Deen, deen sech net esou vill weist, kritt dat och an de Kapp gehäit. Also, déi nächste Kéier wou der e Politiker gesitt, zum Beispill muer de Moien um Stater Maart, denkt 2 Sekonnen driwwer no, wéivill Zäit deen sech fir d’Land hëlt, fir d’Leit, fir eis.
Ech wënschen dem faire Politiker e faire Wahlkampf an dem Land eng gutt Regierung. An fir déi déi gären e Schëllege sichen oder ëmmer knouteren : ma da setzt Iech dach selwer an, a probéiert et besser ze maachen. Wann der iwwerzeegend sidd, kritt der och sécher déi néideg Stëmmen.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners