RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Anne Goeres, 19/09/2018


Listen Later

O méi, eng Carte Blanche iwwert den Doud - vill vun Iech wärten elo denken dat et absolut net passend ass, weder bei desem wonnerschéinen Wieder, nach am Kontext vun der Schoulrentrée. A wee well schon eppes iwwert den Doud héieren ?
Abee eben grad dach. Ech erkläre mech.

Den Doud ass eppes spezielles : et trefft eis alleguer, fréier oder spéider, op mer wellen oder net. An ausser an e puer Eenzelfäll, kennt den Doud nie geplangt.
Bei verschiddene Leit ass den Doud direkt, schmerzlos..
Bei aanere Leit schleicht en sech kuurz oder laang ronderem an ass mat vill Peng verbonnen
An nach bei aanere Leit, kennegt en sech un wei wann hien der betraffener Persoun nach weilt dei neideg Zait loossen, alles an d’Rei ze brengen.

Gett et en idealen Doud ? Ech denken dat ass esou eng perséinlech an individuell Fro, dat een do keng Äntwort ka gin, mee eppes steet fest : den Tabou em den Doud ass menger Ansicht no Hautesdags komplett doniewent an iwwerlieft. Net kennen iwwert den Doud schwaetzen, sech net kennen prepareieren iwwert dat wat duerno geschitt, ass einfach ze Schued. Natiirlech geet dat nemmen wann dat physesch a mental nach meiglech ass. Et stinn op eemol esou vill Froen am Raum, kleng Onwichteger, grad esou wei definitif grouss Decisiounen, dei musse geholl gin.

Wei schéin ass dat, wann dei betraffe Persoun dat selwer kann bestemmen. Sans gêne, ouni Tabou.
Dat mecht et der nostehender Famill an den enke Frënn esou vill méi einfach. A propos Frënn a Famill : dei si jo wierklech dat kostbarst wat et get - mee dei kreien eng nächst Carte Blanche dédiéiert, well des Carte blanche soll och eng grouss Dankbarkeet dem ganze Fleegesekteur ausdrecken : all dei Leit dei am Alldag mam Doud konfronteiert sin, leeschten eng wahnsinneg Aarbecht. Trotz weineg Zait, trotz vill Granzerten, trotz vill Drock duerch den Aarbechtsvolumen an Trotz den enorm villen Emoutiounen hunn dei sech e Beruf erausgewielt wou se Leit begleeden dei mam Doud konfronteiert gin. Chapeau.

An och dei maachen hier Aarbecht haut erem, op engem schéinen, sonndege Mëttwoch matzen am September wou wou kleng a grouss Schüler rem d’Schoulbänk drecken.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners