RTL - Carte Blanche

Carte Blanche - Anne Goeres, 24/11/2017


Listen Later

D'Zäit vergeet esou schnell... elo si mer schonn November, de Kleeschen ass op ville Platzen ze gesinn an an 3 Wochen ass Chrëschtvakanz mat all deem wat dozou gehéiert!
Ech hunn des Zäit ganz gären, well de Wanter freeën ech mech op de Schnéi, de waarme Schocki an d'Féier am Kamäin, wann et owes däischter a kal gëtt. Esou gesäit de Wanter aus wann et engem gutt geet. An dëser, méi besënnlecher Zäit, denkt een awer och gären un déi, deenen et net esou gutt geet. A sief et nëmmen duerch déi sëllech Bréiwer déi een heem geschéckt kritt, fir lénks oder riets mol e Su ze spenden.
Ech mengen dat mer schonn all, op d’mannst eng Kéier, en Euro gespent hunn : entweder e bëssi Mënz an eng Spuerbex déi an engem Buttek stoung, oder e Virement dee bei engem Flyer dobäi louch, oder och en Don fir Zum Beispill eng Doudesannonce, e Gebuertsdag, e Familljefest.
Hutt der Iech jeemools d‘Fro gestallt wou déi Suen hikommen, wien déi duerno verwalt, wat domadder gemaach gëtt ? Vertrauen ass excellent, awer sech munchmol fir déi Organisatiounen z’interesséieren, wou ee Sue spent, ass och net schlecht.
Wat sinn hier Missiounen, wéi vill Leit profitéiere vun de Servicer, wat huet d'Societéit vun hirem Asaz ? Wei prezis verwalten si hire Budget ?  All des Froe soll een sech emol stelle wann ee spent. Villäicht freeën sech jo och d'Organisatiounen, wann d'Donateuren sech fir hier Aarbecht am Alldag interesséieren.
Déi lescht Studie iwwert Spenden zu Lëtzebuerg ass am Joer 2010 virgestallt ginn. Dat sinn elo scho méi ewéi 7 Joer hier. Et kéint ee bal mengen, dat  sech zanterhier kee weider fir des Informatiounen interesséiert huet. Schued an och e bëssi traureg.
Awer all seriö Organisatioun publizéiert e Finanzbericht mat engem Aktivitéitsbericht. Doranner kann de Spender scho ganz vill Informatioune gewuer ginn, an entscheeden, op do seng Sue gutt investéiert sinn.
An deem Sënn, soen ech jidderengem e grousse Merci, deen dëst Joer eng Spend gemaach huet oder nach mécht, an hoffen dat dir Iech e bëssi dofir interesséiert, wat mat Äre Sue geschitt.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners