RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Anne-Marie Hanff, 09/01/2019


Listen Later

Als Infirmière hunn ech net seele Leit an hir Familljemembere wärend dem Stierweprozess begleet. An trotzdem kann ech soen, dass et eng wonnerbar Aarbecht ass. Et klengt iwerraschend, mee et geet an esou Situatiounen oft net ëm d‘Krankheet an den Doud, mee ëm d‘Liewen.
Wéi sot déi Englesch Doktesch an Infirmière Cicely Saunders: Et ass oft net dat schlëmmst fir de Mënsch erauszefannen, dass ee gelieft huet an elo stierwe wäert. Dat schlëmmsten ass, wann een erausfënnt, dass een net gelieft huet an elo stierwe wäert!
E Britesche Physiker soot, dass d‘Liewensqualiteit sech doraus ergëtt, wéi vill vun den Erwaardungen erfëllt ginn. Fir glécklech ze si, misste mir deemno eis Erwaardungen erof- am Plaz eropsetzen. Well bléiwen dës onerfëllt, mëscht et eis onglécklech.
D’Liewensqualitéit bedeit dobäi fir jiddereen eppes aneschters. Ech ginn iech en Beispill aus mengem Beruffsalldag: Stellt Iech eng Persoun fir, si kann net goen a setzt am Rollstull, si kann net schlécken a gëtt ernäert, si kann net schwätzen an notzt en anert Kommunikatiounsmëttel. Esou fleegebedierfteg Leit gi leider oft als eng „Usammlung vun Defiziter“ gesinn. Dir denkt iech vläicht „Esou wéilt ech net liewen!“.
Mee kuckt een sech dat ganzt Bild un, de Betraffene mat all senge soziale Ressourcen, dann erkennt een eng Persoun, déi hire Partner mat Léift an d‘Aan kuckt an dobäi zimlech sécher eng besser Liewensqualitéit huet, wei eng Jet aner Leit.
D’Fuerschung ennerstëtzt deen Androck: Eng gutt Gesondheet bedéit net automatesch eng gutt Liewensqualitéit. Méi wichteg schéngen déi perséinlech Wäerter dozou, wat eist Liewen liewenswäert mëscht.
Si hunn och erausfonnt, dass d‘Prioritéite altersofhängeg si: Fir déi Jonk sinn et d‘Frënn, da kommen d‘Partnerschaft a Kanner, ab 40 gëtt d‘Aarbescht méi wichteg, duerno d‘Gesondheet an den Altruismus (am Géigesaatz zum Egoismus) an zum Schluss d‘Spiritualiteit. Kuckt een sech d’Liewensqualitéit an den ënnerschiddleche Phase un gesäit een, dass dann, wann d‘Arbescht am Mettelpunkt steet, d‘Liewensqualiteit extrem ofhellt, déi sougenannte Midlife-Crisis.
Musse mir wierklech esou laang waarden, fir dëst erauszefannen? Nee!
Mir missten eis méi aktiv mat der Endlechkeet vum Liewen ausernee setzen. Als Infirmière leieren ech dozou immens vill an den Gespréicher mat de Patiente.
Et klengt vläicht banal, mee mir huet nach ni eng Persoun déi um Stierwe louch gesot „Ech wënscht ech hätt méi Sue verdéngt!“ mee am Plaatz gouf den Stolz bei Säit geluet an Joerzéngtelaang Sträit endlech ofgeschloss.
Wann dir iech also net op eemol wëllt bewosst ginn, dass dier stierft an net gelieft hutt, da musst dier iech elo d‘Fro stellen, wei eng Saachen un ärem Liewen dir als Stierwende géingt bereien an net eréischt dann, wann dier näischt méi drun änner kennt!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners