Stellt Iech fir …
Dier musst Iech vun Haut op Muer mat enger Krankheet offannen, déi Iech Äert Liewen laang begleedt.
Eng Krankheet, déi Äert Liewen, wéi Dier et Iech virgestallt hat, komplett op d‘Kopp geheit.
Eng Krankheet, déi dofir suergen kann, dass Dier op eemol ganz konkret mam Doud konfrontéiert gitt,
an dass Dier den Persounen mat deenen Dier frou sidd ... Ärem Liewensprojet musst Äddi soen!
Sou geet et villen Leit mat chroneschen Erkrankungen.
Wann Dier dann virun deem Koup Schierbelen stitt, ass einfach alles ze vill! Dier gesitt Iech virun engem net ze meeschteren Problem!
Stellt Iech fir …
do ass eng Persoun, déi Iech hëlleft all d‘Schierbelen nees zesummen ze rafen … déi sech ëm alles këmmert.
Stellt Iech fir …
d‘Infirmière ass déi Persoun, déi
- Iech hëlleft net un der Fro „Firwat ech?!“ ze verzweiwelen,
- déi Iech hëlleft ze kucken, wat Iech wichteg ass,
- déi kuckt un wat et Iech feelt an erkennt, dass et ënner anerem d‘Angscht vum Doud ass, déi et Iech am Moment onméiglech mëscht, den verbleiwenden Deeg méi Liewen ze ginn,
- déi ënnersicht wéi eng Facteuren Är Doudesangscht beaflossen an erkennt, dass et ënner anerem d‘Episoden sinn, wou Dier keng Loft kritt,
- eng Infirmière, déi hir Erkenntnisser mat der Equipe vun Gesondheetsberuffler diskutéiert an dofir suergt, dass déi geplangten Interventiounen Ären Besoinen entspriechen,
- déi Iech hëlleft ënnert den Hëllefsangeboter dat richtegt fir Iech ze fannen an Iech och Zougang dozou ze verschaafen,
- déi mat Iech kuckt, wat Dier géint d’Otemnout maachen kennt, soudass enger onnéideger Hospitalisatioun entgéint gewierkt kann ginn an
- déi Iech an Är Famill doheem ënnerstëtzt ... en oppent Ouer fir Är Froen an Suergen huet.
Eng Infirmière kann Iech an Ärer Famill hëllefen, nees Hoffnung ze fannen an d‘Schierbelen nees zu eppes Neiem zesummen ze setzen.
Géingt Dier den Beruff vun der Infirmière elo nach an éischter Linn mat „Hënneren vun de Leit ofbotzen“ an Verbannung bréngen?
Dier hutt verstanen, dass Dier (wann Dier eng Kéier selwer Hëllef braucht) et wäertschätzen wäert, wann d‘Infirmière dëst op eng Aart an Weis mëscht, dass Dier Iech net braucht ze schummen! Dat mëscht eisen Beruff an eng gutt Infirmiere aus an net den Akte selwer.
Elo stellt Iech fir …
den Infirmiersberuff gëtt et net méi.
D‘Prognose ass düster an d‘Politik kann dem ofgefuerenen Zuch just nach nolafen.
Well, leider gouf keng vun den geplangten Interventiounen aus dem Regierungsprogramm déi d‘Fleeg betreffen ëmgesat. Mir waarden nach ëmmer op:
- Léisungen fir déi aktuell Versuergungssituatioun
- eng Vollerfaassung vum Fleegepersonal an eng Bedarfsanalyse vun den ënnerschiddlechen Profiller oder
- en Audit zu den Stäerkten an Schwächten vun der Basisformatioun asw.
Dat während den Walcampagnen vill behandelt Thema „Sproochen am Gesondheetssecteur“ war iwwregens schonn Deel vum Regierungsprogramm.
Firwat goufen dës Punkten trotz der kritescher Situatioun nach net ëmgesat?
Wann déi nächst Regierung eng besser Nott wëllt kréien, dann muss si dem Problem endlech an d‘ Aen kucken.
Well stellt Iech fir …
Dier géingt Iech an der uewen beschriwwener Situatioun befannen. Wiert Dier dann net och frou, wann d‘Fleeg vun der nächster Regierung zu enger Prioritéit géing gemaach ginn?!