Dir wonnert Iech vläit, datt ech haut iwwer e Problem vun Etiquettéierung vu Wäin an der europäescher Unioun schwätzen. An der E.U. an an der Welt gëtt et jo vill grouss Problemer mat Trump,Brexit et j'en passe iwwer déi ech vill ze zielen hätt. Och bei eis gëtt et zolidd Suergen duerch ëmmer méi Staatsschold fir ëmmer méi Cadeauen ze finanzéiere fir Leit, ë.a. an der Fonction publique, déi se net brauchen.
Ech war erstaunt,wou mech virun e puer Deeg de Präsident vun den europäesche Privatwënzer aus Frankräich ugeruff huet, deem ech als Präsidentin vum Intergroup Wäin am E.P. gehollef hat, seng europäesch Organisatioun op d'Been ze setzen. Hien ass op de Barrikaden, well se an der europäescher Commissioun,déi jo de J.C. Juncker presidéiert, am gaange sinn un enger neier Reglementatioun ze bastele fir dass op den Etiquett vun de Wäifläsche missten Informatioune stoen iwwer Ingredienten an nutritionnell Kapazitéiten.
Dat konnte mer virun 2011 am Europa-Parlament verhënneren, wou och schonn an der europäescher Commissioun Virschléi ausgeschafft ware fir eng Reglementatioun, déi eigentlech fir Liewensmëttel geduecht war, och fir de Wäin virschreiwen.
Dat krute mer Gott sei Dank verhënnert an dat soll och weider esou bleiwen.
Wat op den Etiquette vun de Wäifläsche stoe muss, ass um europäesche Plang zolidd geregelt, esou wuel wat technesch Normen, oenologesch Praktiken, Produktiounsmethoden, Alkoholgehalt, Allergenen, asw. ugeet.
Et muss gewosst sinn, datt et am Wäisecteur an der E..U. zegdausend Familljebetriber a kleng Cooperative gëtt, déi hir Drauwen an hire Wäi produzéieren a verkafen. Déi obligéieren all Joer, well jo d'Qualitéit vum Wäin op Grond vum Wieder
z. B. changéiert, nei Analysen an nei Etiquetten ze maachen, ass eng Bürokratie,déi esou deier wéi iwwerflësseg ass.
Den Här Juncker ass jo 2014 als Kommissiounspresident ugetratt mat dem Verspriechen all Iwwerreglementatioun ze verhënneren. Elo huet en eng Geleeënheet ze beweisen, dass en dat och mécht a verhënnert, dass seng Commissioun Virschléi mécht déi derzou féieren, dass bei all Wäifläsch geschwënn e Bäipak-Ziedel wéi bei de Medikamenter muss sinn.
Sécher, de Wäin ass och eng Medezin, wann e mässeg mä regelméisseg konsuméiert gëtt. Dat däerfe mer awer net op d'Etiquette schreiwen, z.B. dass 2 bis 3 Glieser Wäin den Dag dee beschte Préventif géint Häerzinfarkt, Kriibs an Demenz ass.
Ech hoffen, dass et am Här Juncker senger Commissioun genuch Verstand a Courage gëtt fir ze verhënneren, dass bei deenen nächste Walen, besonnesch am Frankräich, zegdausend Wënzer, bei d’Marine Le Pen iwwerlafen, well se duerch iwwerdriwwen europäesch Reglementer riskéieren, hir Existenz ze verléieren.