RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Astrid Lulling, 04/10/2017


Listen Later

Vun alle Säite vun der Politik héiere mer scho laang, dass  se fir eng “simplification administrative” sinn, déi sécherstellt, dass Decisioune méi séier geholl ginn an d'Bierger  sech dofir net laang a wäit deplacéiere mussen.
Ech wëll haut un zwee Beispiller weisen, wou mer mat der ‘simplification administrative’ bei eisem Staat dru sinn.
1.    Beispill. Eng Portugisin,déi säit 8 Joer hei schafft, ass vu Rodange a Frankräich geplënnert, wou se, ouni Ufangskapital, fir en eegent Haus pro Mount bal 300 Euro manner bezilt wéi hire Loyer fir e méi klengen Appartement hei bei eis. A si ass lo och nach vill méi no bei hirer Aarbecht zu Lëtzebuerg. Hiert Kand, wat vun 9 bis 14 Joer bei der Bomi a Portugal war, well et hei an der Primärschoul iwwerfuerdert  war, ass am Februar bei si zréckkomm. Bis Februar krut d'Bomi a Portugal d'Kannergeld. Bis Enn September war d'Mamm mat der Bürokratie hei geplot, bis se hir Certificatë fir d'Kannergeld unerkannt krut. Där elengerzéiender Mamm mam Mindestloun feele säit Mäerz ëm 400 Euro de Mount well se och nach an d’Steiergrupp 1 versat gouf an de Patron hir 72 Euro Steiere pro Mount ofhale muss. Well se fir hiert Haus pro Mount bezuele muss, gung  et déi lescht Méint vir an hannen net méi duer. Hire Patron huet hir säit Abrëll hire Loun virausbezuelt. Well d'Kand elo an d'International Schoul zu Déifferdeng goe kann, waren am halwe September Käschte fir Schoulmaterial asw. ze bezuelen.Well dat säit Mäerz geschëllte Kannergeld awer nach ëmmer net iwwerwise war, huet de Patron hir den 22. September d'Pai fir November bezuelt. Dat kann oder wëll net all Patron maachen. Dass esou  Leit verzweifelen an un der Politik zweiwele, kann ech verstoen.

2.    Beispill. Eng Bulgarin, déi elo säit 2012 Lëtzebuergerin ass, schafft schonns zënter 1999 hei am Land a wunnt och hei. Si huet Kiné studéiert, krut awer, iert Bulgarien an de E.U.  war, hiren Diplom nëmmen als Masseuse unerkannt, wat hir deemols  duergoung. Am Juni 2016 huet se hiren Dossier mat den Zertifikate vun hirer bulgarescher Uni bei dem zoustännege Ministère agereecht, fir de Kinesdiplom unerkannt ze kréien, wat hire Patron och wollt.  Well se iwwert e Joer keng Äntwert krut , sinn ech emol intervenéiert, an hunn och versprach kritt, den Dossier ging erëm an der zostänneger Kommissioun behandelt ginn. Well am Juli 2017 nach ëmmer keng Äntwert do war, och keng negativ, huet déi Persoun un déi an esou Fäll zoustänneg europäesch Institutioun Solvit geschriwwen. De  17. August krut se e Breif vum zoustännege Ministère, si soll eng Rei vun Zertifikaten eraschécken. Wéi se dat wollt beäntweren,huet se festgestallt, datt all déi Zertifikaten, bis op een, an deem Dossier waren, deen se  am Juni 2016 eragereecht hat. Dat huet se do och per Mail geschriwwen an ugekënnegt, si ging deen, deen esou bei hirer Uni net getrennt ausgestallt gëtt, noreechen. An dräi Minuten hat se eng Äntwert. Ech hoffen, dass si elo hiren Diplom unerkannt kritt,wat fir hir berufflech Pomotioun an hir Pai wichteg ass..

Stellt iech vir esou Sache gingen iech passéieren. Verwaltungen, déi esou, soll ech soe ‘schaffen’, solle sech e Beispill un Estland huelen. Eise Premier Bettel war jo elo do. E lauschtert bestëmmt meng Carte blanche a suergt derfir, dass et hei mat der ‘simplification administrative’ Eescht gëtt.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners