RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Astrid Lulling, 22/05/2017


Listen Later

An deene leschte Woche gouf et e puer Geleeënheeten, an Europa ze feieren.
1. Enn Abrëll de 60. Gebuertsdag vum Vertrag vu Roum, deen no der  éischter europäescher Kommunautéit fir Kuelen  a Stol 1952 déi Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft an d'Euratom 1957 geschaf huet.
2. Den 9. Mee, de Joresdag vun der berühmter Declaratioun vum Robert Schuman, den 9. Mee 1950, deen de Grondsteen fir d'Schafung vun eiser heiteger Europäescher Unioun vun 28 Länner geluecht hat.
Trotz oder grad wéint deene Feiere musse mer eis Suerge maachen  ëm d'Zukunft vun deem Europa an deem mer haut liewen,  dës  E.U. déi nach emmer déi éischt Puissance an der Welt ass mat deenen ambitiéiste wirtschaftlechen, sozialen  an ëmweltpoliteschen Standarden.
Millioune Leit verloossen hir Heemechtslänner a maache sech, ënner liewensgeféierleche Conditiounen op de Wee, meeschtens illegal, fir bei eis méi sécher a besser liewen ze kënnen, a mir hunn domat vill Problemer.
An deenen   28 E.U.-Länner gëtt et awer emmer méi Leit, déi Europa fir hir Problemer verantwortlech maachen a vun der E.U. kee positiven Image méi hunn.
47% vun de Leit, déi hei am Land wunnen, sollen no deem leschten  Eurobarometer, deen an Optrag vun der Europäescher Kommissioun  erstellt gouf, net méi positiv zur E.U. stoen.
65% sollen awer nach Vertrauen an d'Zukunft vun der E.U. hunn. An der ganzer E.U. sinn dat  nach nëmme  50%.
Wéi ass esou eppes méiglech?
Schold un deem Euroskeptizismus si virun allem riets- a lénksradikal Populisten, déi mat Ligen d'Leit géint  déi europäesch Institutiounen opstëppelen.
Si hunn ëmsou méi Erfolleg, jee besser si et fäerdegbréngen, de Leit hir Roserei  vis-à-vis vun der E.U. ze vergréisseren.
Et gëtt héich Zäit, dass Politiker, aner Responsabelen,  d'Zivilgesellschaft  géint dëse geféierleche Populismus op d'Barrikade ginn, dass se de Leit d'Wourecht soen, nämlech dass déi meescht Problemer mat deene si sech erëmklappe mussen,  hausgemaacht sinn, wéi z.B. a Frankräich.

Mir mussen informéieren, dass déi grouss Erausfuerderungen  ewéi Immigratioun, bessere Wuesstum fir méi Aarbechtsplazen, Sécherheet nëmmen zesumme geléist kënne ginn, dass mer nëmmen nach als Europa Gewiicht an der Welt hunn, wa mer eis Unioun méi zolidd maachen.


De Mouvement Européen huet eng Campagne gestart, fir eis europäesch Wäerter
ze verdeedegen an  enger méi solidarescher, an enger méi effikasser E.U.
Amplaz dass déi lëtzebuerger Gewerkschafte mat anere Mouvementer wéi de Konsumenteschutz géint europäesch Handelsverträg mat  Kanada, Singapur oder den USA opstëppelen, wier et fir d'Aarbechts- an d'Liewensbedingunge vun hire Memberen, déi héich Beitraeg bezuelen, besser  wa se endlech begräife géifen, dass Handels- an Investitiounsverträg de Regulator vun der Globaliséierung sinn.
Amplaz méi Dépensë fir eis Sécherheet a  Verdeedegung ofzeleenen, solle se begräifen, dass d'Promotioun vun eiser strategescher Autonomie haut fir d'E.U. liewenswichteg ass.
Ech hoffen, dass mer wéinstens hei am Land dat verstinn an dass der iech mat der Europäescher Beweegung dofir asetzt, dass mer d'E.U. net nëmme retten, mä verbesseren a méi staark maachen. An eisem Intérêt. Maacht mat!


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners