RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Astrid Lulling, 23/04/2018


Listen Later

Et gëtt ëmmer méi – och hei zu Lëtzebuerg – iwwer Altersaarmut geklot. Obschonn eisen ëffentleche Pensiouns-System mat ee vun deene beschten an der Welt ass, gëtt et ëmmer méi Leit, och wa si oder hire Liewenspartner e ganzt Liewe geschafft a cotiséiert hunn, déi et am Alter schwéier hunn, um Enn vum Mount d’Enner zesummenzebréngen.
Dat ass besonnesch fir Wittfraen awer och fir Wittmänner de Fall. Eigentlech ass de Steiersystem doru Schold. Dräi Joer nodeem se hire Partner duerch den Doud verluer hunn, rutsche si vum Steiergrupp 2 an de Grupp 1a. Scho bei enger besteierbarer Pensioun vun 2500 Euro falen an deem Grupp bal duebel sou vill Steieren un wéi virdrun, an zwar amplaz 50 bal 92 Euro de Mount.
Mat 3500 Euro besteierbarer Pensioun ass een och nach net mat Zoossissen ugestréckt. Do klammen d’Steiere pro Mount ëm 227 op 443,50 Euro. Bal 300 Euro manner de Mount, dat si vill Suen, souguer wann een eng eege Wunneng huet.
Leit, déi 4000 bis 5000 Euro brutto Pensioun de Mount hunn, sinn och nach keng Krösussen.
Bei 5000 Euro besteierbarer Pensioun mussen de Mount am Grupp 1A 1069,14 Euro anstatt 450 Euro Steieren am Groupe 2 bezuelt ginn.
Wann d’Wittmänner an d’Wittfrae Kanner an Enkelkanner hunn, deet dat besonnesch wéi . Zemol wa se mat deenen anere Grousseltere konkurréiere mussen, déi méi mëtschgieweg kënne sinn, well se nach am Steiergrupp 2 sinn.
Ech als Jonggesellin war natierlech begeeschtert, wéi ech vum Steiergrupp 1 an de Grupp 1a koum.
Och wa Jonggesellen, vis-à-vis vu klengen Neveuen an Urgroussneveue mol eppes sprange loosen, sou kann ee se dach net mat Grousseltere vergläichen.
Dofir sinn ech der Meenung, datt mer den 1a net ofschafen, awer fir Wittfraen a Wittmänner déi Kanner an Enkelkanner hunn, en Abattement aféiere sollen,  fir dass se net duerch Steieren un d’Aarmutsgrenz erukommen.
Déi nächst Regierung soll do Neel mat Käpp maachen, besonnesch well et ëmmer méi aussiichtslos gëtt, dass Pensiounen erhéicht ginn.
Iwweregens dierften um Niveau vum Mindestloun iwwerhaapt keng Steiere méi ufalen, och net fir déi Aktiv.
Fir d’Leit ass et wichteg, dass se netto méi an hirer Pai oder Pensioun hunn. Ob dat duerch méi Belaaschtung vum Patron oder vum Pensiounssystem oder duerch manner Steiere geschitt, ass net egal.
Ech si fir manner Steieren, well de Mindestloun hei zu Lëtzebuerg zwar mat deen héchsten an Europa ass, awer net duergeet, fir hei am Land uerdentlech ze wunnen an ze liewen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners