RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Astrid Lulling, 25/11/2016


Listen Later


A leschter Zäit gëtt vill iwwer d’Zukunft vun eisem Land diskutéiert. Ech gehéieren zu deenen, déi sech echt Suerge maachen, well, trotz deem gudde Wuesstem vun eiser Economie an den héije Steierrecetten,  den Defizit vum Staat sech 2017 an 2018 am Vergläich zu dësem Joer méi wéi verduebele soll - vu 407 Milliounen 2016 op 983 Milliounen 2017 an 943,5 Milliounen 2018.
Eis Staatsschold, déi  haut iwwer 5x méi héich ass wéi 2005, soll trotz där gudder Konjunktur an deenen zolidde Recettë vum Staat och nach weider an d'Luucht goen - vun haut  12,3 op bal 16 Milliarden Euro 2020.
Stellt Iech vir, Dir géift esou hause wéi eise Staat, dat heescht Dir géift, obschonn Dir  méi erakritt, nach méi Schold maache fir Saachen unzeschafen, déi Dir Iech net leeschte  kënnt an déi Der  och  net wierklech braucht fir anstänneg ze liewen. Da géift Dir jo zolidd iwwer Är Verhältnisser liewen, an dat geet an d'Box.                

Well ech mech bal 50 Joer a mengem politesche Liewe mat Wirtschafts- a Währungspolitik befaasst hunn, weess ech, dass e Staat ,  wann et wirtschaftlech schlecht  geet, Schold maache ka fir Investitiounen, déi  d'Wirtschaft ukuerbelen  an d'Beschäftegung erhalen an esou guer verbessere sollen.  

Mä an enger gudder Konjunktur weider Defizit an nach méi Schold ze maache fir méi auszedeelen un déi, déi genuch hu wéi z. B. am ëffentleche Secteur, fir deene Kaddoen ze maachen,  déi se net brauchen, ass politesch onverantwortlech, besonnesch  vis-a-vis vun de jonke Leit vun haut a vu muer.
Mat där Meenung sinn ech net isoléiert. Ëmmer méi Leit mat Verstand a Courage,  an der Majoritéit an an der Oppositioun halen dee Paradigmewiessel  vun der Regierung a punkto Finanzpolitik fir  geféierlech fir Zukunft vum Land.

Aus den Avisë vu Beruffschamberen, vum Staatsrot,  vun der Cour des comptes an och vum Conseil national des finances publiques zum Staatsbudget 2017 geet dat däitlech ervir.  Leider gëtt et ze vill Politiker, nach méi Gewerkschaftler a selwer ernannte Vertrieder vun der Zivilgesellschaft déi dës kuerzsiichteg Begléckungspolitik, déi zu ëmmer méi Defizit  am Zentralstaat an ëmmer méi Staatsschold féiert, guttheeschen an esouguer feieren.

Méi onverantwortlech  a méi kuerzsiichteg geet et net.

Nach e lescht Wuert zu der geplangter Steierreform. Méi zolidd Steierentlaaschtungen verdéngen  virun allen Wittfraen a Wittmänner mat Kanner an Enkelkanner, déi an de Steiergrupp 1a  versat  an da vun haut op muer scho bei enger besteierbarer Rent  vun 2500  Euro de Mount bal duebel esou vill Steiere bezuele mussen wei  virdrun. Awer bis zu engem Bruttoakommes vun 20.000 Euro de Mount soll et nach Steiererliichterunge ginn. Dat ass  ongerecht. Do muss nogebessert ginn.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners