RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Banalitéit vum Béisen, 29/10/2018


Listen Later

Si haten sech zu Leipzig kenne geléiert.
De Jousef huet an der Uniklinik Medezin studéiert an d’Irène hat Konschtgeschicht zu Florenz geléiert.
Direkt no der Hochzäit wollten si mat hirem Opel Coupé en Tour duerch d’Alpen maachen, mee aus der Hochzäitsrees ass näischt ginn, den Jousef huet direkt musse schaffen goen an 3 Méint drop ass hiren 1. Fils, de Rolf op d’Welt komm.
Et ware laang Deeg fir de Jousef, mee och wann hien mol méi spéit vun der Schaff koum, huet hien sech nach Zäit geholl fir mat de Kanner – si haten der entretemps 4 – ze spillen, wärend d’Irène d’Nuetiessen preparéiert huet.
De Josef war zefridden mat senger Aarbecht an huet sech eng Éier draus gemaach, seng Aufgaben gewëssenhaft an zur Zefriddenheet vu senge Cheffen auszeféieren.
Säi Betrieb war gutt organiséiert: si hunn syntheteschen Gummi un IG Farben geliwwert, d’Föterfabrik Alex Zink huet hinnen Fraenhoer ofkaf an doraus Strëmp fir U-Boot Matrousen fabrizéiert, d’Pharmaindustrie Schering an Bayer AG huet bei hinnen Tester fir fécondation in vitro an Typhusmedikamenter duerchféieren gelooss.
De Josef war vun sengen Confrèren unerkannt als bedeitenden Medeziner op sengem Gebitt.
Hien huet dann och aussergewéinlech Experimenter duerchgeféiert wéi Sterilisatioun mat Roentgenstrahlen oder Formolinjektiounen an den Ënnerleif.
An de Summerméint, wann d’Kanner am Bett lungen, ass de Josef mat senger Fra Kréischelen plécke gaang.
Hien hat an dësem Summer innerhalb vu nëmmen 8 Wochen 320 000 Judden an de Gas geschéckt.
Dem Josef säi Fachgebitt awer war recherche iwer monozygote Zwillingen an Deviatiounen vum mënschleche Skelett.
Enges Daags sinn him 2 Männer opgefall – Papp a Fils – de Papp hat e Bockel an de Fils e Klompfouss.
Dës aussergewéinlech Kombinatioun huet säi wëssenschaftlechen Interessi belieft an hien huet seng Mataarbechter ugestallt d’Skeletter fräi ze leeën.
Déi 2 Männer déi eréischt just aus dem Ghetto vun Lodz ukomm waren, hunn Macaroni z’iesse kritt, sin ausgedoen an an de Kapp geschoss ginn.
Fir d’Fleesch vun de Schanken propper ze trennen ass op Calciumhypochlorit verzicht ginn an d’Kierperen sinn an Bitercher 5 Stonne laang virun der SS-Barack gekacht ginn.
D’Männer vum Sonderkommando**, auserhéngert, hunn heemlech d’Fleesch aus de Bitercher giess, an der Meenung et wier de Menu fir d‘SS-Mannschaft.
D’Skeletter sinn den Dag drop mat spezial Courrier an den anthropologesche Musée op Berlin transportéiert ginn. Op der Këscht stoung: „Eilpost. Geheime Kommandosache.
Ennerschriwwen: „Dr Josef Mengele, Ausschwitz“
E banale Mënsch.



* Hannah Arendt
**Sonderkommando: Häftlingen, meeschtens Judden, déi bei de Gaskummeren an den Krematorien geschafft hunn.

Dokumentatioun:     
Olivier Guez „la disparition de Joseph Mengele »
Prix Renaudot 2017
Miklós Nyiszli « Médecin à Auschwitz »

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners