RTL - Carte Blanche

Carte Blanche ''Baulücken 4.0'', 09/03/2018


Listen Later


D’lescht Woch war an der Chambre dee groussen Débat d’Orientation iwwert de Logement. An do gouf et ee Konsens op ganz ville Punkten. Zum Schluss hunn souguer déi 4 grouss Parteien zesummen eng Motioun gestemmt.
Dissens gouf et am Fong just bei deene méi haarde Mesuren. Virun allem beim Thema Expropriatioun. Déi eng fannen sou eng Mesure sympathesch an déi aner si strikt duergéingt. Wat ass méi wichteg? D’Gemeinwohl oder de Schutz vum individuellen Eegentum. Doriwwer sinn se sech net eens an der Chambre.
Mee et gëtt jo ëmmer nach een drëtte Wee.
Wat zum Beispill leerstehend Wunnengen ugeet, huet de Prinzip vun der Gestion Locative Sociale an de leschte Jore gewisen, dass ee mat engem interessanten Angebot oft méi weit kennt, wéi mat repressive Mesuren. Och ouni Taxen si vill eidel Wunnengen op de Marché komm. Interessant Garantien a steierlechen Avantagen hunn vill Propriétairen dozou beweegt, hier Wunneng net méi eidel stoen ze loossen, mee iwwert eng sozial Organisatioun ze verlounen.
Kéint een dee Prinzip dann net och op eidel Terrain’en uwenden?
Mir hunn hei am Land vill Propriétairen, déi ee gudde Grond hunn hiren eidelen Terrain am Moment net ze verkafen. Virwaat net och deenen eng interessant Offer maachen? Et kéint ee jo higoen an déi Terrainen einfach fir en puer Joer lounen a provisoresch een Haus drop setzen. Natierlech kee klassescht Haus aus Bëtongszille mat engem decke Fundament. Mee ee Gebai, wat ee schnell rem kann ewech huelen. Am Modulbau ginn et mëttlerweil ganz flott Produit’en, déi schnell op an och rem schnell ofgeriicht kenne ginn. An déi och kee Fundament brauchen. Et muss een se just dohi stellen an uschléissen. An scho kann eng Famill dra wunne goen. Soulaang bis de Propriétaire vum Terrain eppes anescht well domat maachen. Deen Moment kann een dëse Module rem ewech huelen an op enger anerer Platz rem opriichten. Fir déi bal 1000 Hektar Baulücken hei am Land wier dat een interessante Modell an en passt och nach an d’Logik vun der Economie Circulaire.
Natierlech misst de Staat esou ee Modell finanziell ënnerstëtzen an och hei deene Propriétairen ee steierlechen Avantage zougestoen. Mee och d’Gemenge misste matspillen an déi Modulheiser als provisoresch Constructioun ugesinn, wou ee keng klassesch Baugeneemegung brauch. An et misst sech nach een Acteur fannen, deen dat well ëmsetzen.
Mee iwwert dee Wee kéint ee ganz schnell, vill Wunnraum schafen an dat ouni engem eppes ewech ze huelen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners