D’Uni Lëtzebuerg gouf 2003 gegrënnt, fir onsem Land z’erlaben, d‘ Héichschoulausbildung an d‘ Fuerschung selwer an d’Hand ze huelen aplaaz ons dofir nëmmen op d’Ausland ze verlossen.
Dofir kënnt a misst d’Uni Lëtzeburg och d’Plaaz sin, fir méi a medizinesch Ausbildung a Fuerschung hei am Land z’investéieren.
Zwar kënne mer Dokteren an anert medizinescht Personal aus dem Ausland importéieren.
Doniewend gin ons eegen Dokteren seit jehier am Ausland ausgebild.
D’Idi war opkomm, déi extrem Ofhängegkeet vum Ausland ofzebauen an och zu Lëtzeburg Dokteren an enger eegener „medical school“ auszebilden.
Dat hätt ënner aneren de Virdeel, dass mer am Austausch mat Unien a Kliniken an Europa nët ëmmer nëmmen eppes froen mussen, mais och eppes unzebidden hätten.
Dofir goufen Etuden gemaacht an seit Joren Diskussiounen zwëschen Uni a Regierung gefouert.
Lo huet d’Regierung décidéiert, nët op dee Wee ze goen.
D’Ursaach ass finanzieller Natur. Et schéngt ze deier ze sin, gët indirekt gesot.
Ech fannen ët schued, dass d’Regierung déi Décisioun geholl huet.
Sie huet en aneren, traditionelle Modell virgezun. Niewend dem éischte Unisjor, wat elo schons zu Lëtzeburg méiglech ass, soll e Bachelorstudium vun drei Jor an der Medizin agefouert a mat friemen Unien Partnerschaften fir déi weider Formatioun vun de Mediziner gesicht gin.
Erem eng Kéier verlosse mer ons op auslennesch Unien aplaaz selwer en Effort ze maachen.
Ob dat schlussendlech nët grad esou deier gët wéi eng eege „medical school“ siew emol dohinnergestallt.
Leider huet dat weider keen zu Lëtzeburg opgeregt.
Et handelt sech dobei awer ëm eng echt Zukunftsfro.
An de leschte Jorzengten huet d’Unislandschaft sech europa- a weltweit fundamental geännert. Ëmmer méi schwéier gët ët, eng Studieplaaz am Ausland ze kréien, ëmmer méi selektiv huelen d’Unien d’Studenten un. Ee wichtegt Element ass dobei d’Nationalitéit. A je nodem déi national Präferenz a groussen Nopeschlenner durch d’politesch Entwécklung méi Bedeitung kritt, kann dat e sérieuxt Hënnernis fir ons Studente gin. Ech wëll keen Deiwel un d’Mauer molen: mais wa mur d’Mme Le Pen a Frankreich d’Soen kritt, kann en Deel vum System op d’Kopp gepucht gin.
Doniewend hätt d’Ausbildung vun Dokteren zu Lëtzeburg och wichteg Nieweneffeten fir ons medizinesch Fuerschung. Do wär e Réservoir vu jonke Leit fir d’Fuerschung zu Lëtzeburg erugewuesst.
Eng „medical school“ wär e weidere Mosaiksteen fir den Ausbau vun de „Life-sciences“ zu Lëtzeburg gewiescht, deen d’Regierung jo weiderdreiwe wëllt.
Et muss ee bedaueren, dass d‘Regierung dat sang- a klanglos begruewen huet.
Sou wéi ee bedauere muss, dass en Thema wéi d‘“medical school“ grad ewéi Fuerschung an Héichschoul weder eng politesch Debatt an der Chamber nach soss eng öffentlech Diskussioun wert sin.