RTL - Carte Blanche

Carte Blanche - Ben Fayot, 07/07/2017


Listen Later


Den Ämterkumul huet zu Lëtzebuerg Traditioun.
Bal all Deputéiert war an ass traditionell Buergermeeschter,  Scheffen oder Gemengerot.
Wat ëmmer war, muss haut net onbedéngt nach gutt sinn.
Gemengen ginn zesummegeluecht , fir de Bierger besser Servicer an Infrastrukturen z’offréieren. Et  gëtt ëmmer méi grouss Gemengen mat méi Aarbecht fir Buergermeeschter a Scheffen.
Eng Gemeng féieren ass eng wichteg Aufgab. Si gëtt a gréisseren Gemengen als 40 Stonnewoch bezuelt.
Onst Land huet nëmmen zwee Niveauen vu Verwaltung: de kommunalen an den nationalen. Si sinn allebéid enorm wichteg. Si mussen allebéid vu gudde Käpp gefouert ginn.
Dofir ass d’Iddi vrun en etlech Joren opkomm, déi kommunal an déi national Mandater vuneneen ze trennen.
Dat ass iwwregens an de meeschte Länner an Europa esou. Frankräich ass dat lescht Land, wou dee Verbuet elo a Kraaft trëtt.
Am Regierungsprogramm vun 2013 geet rieds vum „Renouveau démocratique“. Et sollt en Opbroch ginn géint déi traditionell Politikmethoden.
D’Bierger solle méi participéieren, t’soll alles méi transparent ginn, d’Chamber soll d’Regierung méi  kontrolléieren, d’Deputéierte sollen hir europäesch Aufgab endlech seriö huelen.
An dofir sollt de Kumul vun de Mandater a Chamber a Gemeng verbuede ginn.
Elo, véier Méint vrun de Gemengewahlen, werfen d‘Parteien bal all hir Deputéiert an de Gemengewahlkampf.
Also keng Rieds méi, den Ämterkumul opzehéieren.
Et ass eng Schan fir d’Lëtzebuerger Politik wat do geschitt.
Well dee Kumul ass geféierlech fir d’Institutiounen a fir den Déngscht um Bierger.
E Buergermeeschter oder e Scheffen, dee wéineg an der Gemeng präsent ass, verléiert liicht den Iwwerbléck.
D’Chamber hirersäits gëtt an hirer Aarbecht duerch déi vill Gemengepolitiker zäitlech begrenzt an dofir politesch geschwächt. Op mannst zwee Aarbechtsdeeg an der Woch ginn der Chamber doduerch verluer, dass d’Deputéiert als Buergermeeschter a Scheffen an hire Gemengen ze dinn hunn.
Fir wat awer trotzdeem dësen éiwege Kumul, dee weder duerch d‘ Aarbecht an der Gemeng nach duerch déi an der Chamber ze rechtfertegen ass?
Et ass déi elektoral Logik, déi dëse Kumul explizéiert.
Déi Logik verlaangt vun de Politiker, sech mat alle Mëttelen ze profiléieren.
Et ass also net den Déngscht um Bierger, un der Gemeng, un dem Parlament, deen iewescht Ziel ass, et ass d’perséinlech Carrière vun de Politiker, déi de Kumul explizéiert a verlaangt.
Kuckt, wat vru kuerzem a Frankräich geschitt ass. Ech sinn iwwerzeegt, dass och zu Lëtzebuerg d’Leit dat ëmmer manner acceptéieren an dass d’Glafwierdegkeet vun der Politik an de Politiker um Spill steet.
Sou wéi erreecht gouf, dass de Kumul vum nationalen an Europadeputéiert opgehalen huet, muss et dach méiglech sinn, och de kommunalen an nationale Kumul ee fir allemol opzehéieren.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners