Den Här Bettel ass bekanntlech Kulturminister gin nodem déi virrecht Ministesch an d’Wüst geschéckt gouf.
De Kulturminister wëllt eng Nationalgalerie fir lëtzeburger Konscht arichten.
Hei spillt secher den Zeitgeescht mat: ons Identitéit, ons Sproch sollen a Gefor sin. Multikulti ass nët méi gefrot.
Mais an der Stad Lëtzeburg gët ët schons vill Musées’en, och där mat lëtzeburger Konscht. Fir wat eng Nationalgalerie gebraucht gët, liicht nët direkt an.
Wat fir Konscht soll an déi Nationalgalerie kommen? Wien décidéiert dat? Wat geschitt, wann en echt Lëtzeburger Kënschtler gär dra wär an awer nët geholl gët, mais en aneren, manner echten oder zougezunnenen? Geht en dann bei de Nol, fir den Direkter ënner Drock ze setzen?
Mais eigentlech ass ët nët d’Suerg ëm d’Konscht, déi de Kulturminister dreiwt.
Op d’Idi vun der Nationalgalerie ass den Hr Bettel eréischt komm, well mëtten an der Stad e grousst Gebei,nämlech den ale Kolléisch, frei gët. Et ass e wichtegt Stéck vum historeschen Stadkär , wat een nët einfach ofrappen kann.
Et kann een och do nët nach e weideren „Royal-Hamilius“ mat Bureauen a Luxusboutiquen bauen.
Dofir soll dat historescht Gebei erhalen bleiwen. An et soll eppes dohinner kommen, wat Prestige ausstrahlt an d’Touristen interesséiert, nämlech eng Nationalgalerie.
Méi wéi eng vague Idi vun esou enger Nationalgalerie interesséiert mech awer eppes aneschtes.
Nämlech d’Idi vum Hr Bettel, an dem ale Kolléisch och Wunnengen anzerichten, an zwar e pur kleng Buden fir Leit, déi nëmme kurz Zeit zu Lëtzeburg sin.
Halt, hun ech mer gesot, do ass e Fonken vun engem richtege Gefill beim Hr Bettel bliwen. Onse fréiere Stader Buergermeeschter weess, dass den Haptproblem an der Stad nët eng Nationalgalerie ass, mais d’Wunnen.
Familjen mat engem normalen Akommes kënne sech haut nët leeschten, an der Stad a besonnesch am Stadkär eng anstänneg Wunneng ze kafen oder ze lounen.
Elo misst den Här Bettel e Schrëtt weidergon an ufenken nozedenken.
Nämlech doriwer, ob een nët am ale Kolléisch Wunnengen schaafen soll. Domat géif en éischte Schrëtt fir d‘Beliewen vum Stadkär gemaacht. Dat wär e wichtegt Signal.
An den nächste Joren gin och aner historesch Gebeier um Stadgebitt eidel, wann Verwaltungen a modern Bureausgebeier op de Kirchbierg oder op d’Cloche d’or zéien.
Dobei kënnt, dass an der Stad vill Wunnsubstanz vu privaten an öffentleche Bureauxen besat gët. Vleicht kann déi Bausubstanz emol eng Kéier dofir gebraucht gin, fir wat se genehmegt gouw, nämlech fir ze wunnen.
Dofir brauche mer de politesche Wëllen, dem Wunnen an der Stad absolut Prioritéit ze gin.
Da kann de Stadkär erëm opliewen, da wären d’Strosse vum Stadzentrum owes no 6 Auer nët méi eidel an doudeg.
Domat géif den Hr Bettel sech e wonnerbart Denkmal setzen, fir mech méi e bleiwend wéi eng Nationalgalerie!