RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Ben Fayot, 25/09/2017


Listen Later



De Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker huet a senger Ried beschriwen, wéi et mat der Europäescher Unioun weidergoe soll.  
Eigentlech neischt revolutionär Neies, mais eng gudd Synthes vu villen Idien, déi de meeschte Politiker an alle Länner geleefeg sin.
D’EU soll lues a lues weiderentwéckelt gin. Domat soll dat europäescht Bündnis nom Brexit géint den Nationalismus an europaskeptesche Populismus consolidéiert gin.
Dat ass meeschtens gudd opgeholl gin. Jidfereen huet verstaan, dass nët alles vun haut op mur erreecht ka gin, mais dass et drëm geht, eng Richtung ze weisen.
Et war eng wichteg Ried, well se visionär awer och realistesch war, déi  doniewend d’Gleichgewicht zwëschen Deitschland a Frankreich, zwëschen Merkel a Macron gesicht huet.
Et gouf Mësstéin zu där Ried.
Een esou e Mësstoun koum vum Lëtzeburger Staatsminister.
En huet mech besonnesch gestéiert, eben well e vum Staatsminister koum.
Nët well e sech durch seng  Expertise ausgezeechent hätt oder  fondéiert Argumenter virbruecht hätt,  mais well e komplett niewend dem Dill loug, souwuel an der Form wéi am Inhalt.
Et ass unzehuelen, dass de letzeburger Staatsminister déi Ried nët geliest hat éier en de Mond opgemaacht huet.
Wat mech enttäuscht, ass déi Iwerhiewlechkeet, mat där den Hr Bettel  sich iwer déi Ried ausgeloss huet.
Iwer d‘ Eurozone schwetzt e wéi vun enger Witzveranstaltung. Déi institutionell Vereinfachungen si fir hien absurd ouni dass en sech och nëmmen een Ament mam Fong vun der Saach ausenanersetzt.
Ech froen mech, wat den Hr Bettel beim Hr Macron geléiert huet, mat dem e jo anscheinend esou gudd soll sin. Dass vill Idien vum J.C. Juncker Waasser op d’Mille vum Hr Macron sin, huet den Hr Bettel wuel nët verstan.
T’kënnt een sech elo driwer ewechtréischten a soen, och e Staatsminister kann nët an alles gudd sin. Hien ass keen Europaminister, deen dat aus dem ff kenne misst.
Mais da vergësst een, dass den Hr Bettel am Europäesche Rot sëtzt.
Dat ass dee Gremium, an dem nëmmen d’Staats- a Regierungscheffen sëtzen. Do geht den Hr Bettel eleng. Do kann een sech zwar vrun de Microe vun der ganzer Welt pavanéieren. Mais do gin virun allem déi wichtegst Weichestellungen fir d’EU, also och fir Lëtzeburg, geholl. Do gi Konflikter zwëschen de Memberlänner geléist. An an dem Krees muss ee mat Argumenter a klore Positiounen seng Partner iwerzeegen.
Et rassuréiert mech nët, wéi iwerflächlech de Lëtzeburger Staatsminister, déi wichtegst politesch Personalitéit am Land, sech zu wesentleche Froen vun der EU ausdréckt.  
Ech hoffen dofir, dass onse Staatsminister all Kéier, éier hien an den Europäesche Rot geht, Nohellefstonnen an Europafroen hëlt, an dann nach zwee- an dreimol nodenkt éier en de Mond do opmecht.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners