RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Ben Fayot, 26/11/2018


Listen Later

D'Gedenkzeremonien vum 1.Weltkrich weisen, wéi déi Katastroph durch den Nationalismus ausgeléist gouf.
Honnert Jor dono geht ët ëmmer nach an  ëmmer méi drëm, deen Nationalismus ze iwerwannen.
Ët gët haut erëm extrem rieds an extrem lénks Bewegungen, déi  de Réckzuch op d'national Souverainetéit priedegen.
Mais dee Réckzuch ass weider neischt wéi geféierlechen nationalen Egoismus.
A sechs Méint sin Europawahlen. Do entscheed sech, ob et weider geht mat dem fridlechen a solidareschen Europa, oder ob nationalistesch Parteien vu rieds a vu lénks am EP souvill Muecht kréien, dass se d' EU zerstéiere kënnen.
Fir Lëtzeburg ass dat eng existenziell Fro. D'Geschicht erënnert drun, dass ons Eegestennegkeet dovunner ofhänkt,dass ons grouss Noperen se respektéieren. Dee Respekt ass durch d' europäesch Verträg garantéiert.
Dofir gët ët hei zu Lëtzeburg keng Partei, déi d'Europäesch Unioun refuséiert.
Wuel gët d'Europapolitik kritizéiert, och emol mat Recht.
Mais vleicht gët et der, denen nationalpopulistesch  Idien gefalen.
Sie mussen wëssen, dass dat direkt schiedlech fir Lëtzeburg ass.
Dofir mussen d'politesch Fronte klor sin. Et muss klor sin, wat an enger demokratescher a solidarescher Unioun acceptabel ass a wat nët.
Dat gëlt besonnesch fir d'EP.
Eng grouss Majoritéit vum EP huet dem Hr Orban seng Politik offiziell kritizéiert. Dorënner och seng eege Partei, d'Europäesch Vollekspartei.
Sie huet awer den Hr Orban nët op d'Schëff geschéckt.  
Do sin d'Fronten also nët klor an dat schued der EU.
 Mais d'Fronte mussen och klor sin fir d'Memberlänner.
Wien vun denen ass Bremser, wien kuckt fir t'éischt no sengen nationalen Interessen an dann eréischt no dem Ganzen? Wien wëllt d'EU weiderbréngen a staark maachen?
Ass Lëtzeburg e Bremser oder e Lusspetter, wéi mol schon an der Vergaangenheet?
Ech hoffen nët.
Ech erwaarden vun der neier Regierung, dass se sech nët nëmmen mat der eigentlech niewesächlecher Fro vun héijen EU-Posten ofgët.
Ech erwaarden an hirem Programm eng klor an détailleirt Durstellung, wéi Lëtzeburg  d'EU wëllt stärken. Sie därf dobei kurzfristeg Interessen vun dem engen oder anere Wirtschaftssecteur nët iwer déi laangfristeg  Perspektiv vun enger staarker Unioun stellen.
Et ass och un der Zeit, dass déi nei Regierung den europäeschen Débat zu Lëtzeburg op e méi héijen  Niveau hiewt.
Zum Beispill dass de Staatsminister, dee Lëtzeburg am europäesche Rot vertrëtt, vrun de Sommeten an d'Chamber kënnt an do öffentlech durstellt, wat onst Land hanner zouenen Diren vertrëtt an och dono dem Parlament Rechenschaft ofleet.
Et ass och wichteg fir onst Land, dass jidfer Minister - aaler an neier - eng zolid europäesch Kompetenz huet oder sech uneegent, well och d'Minister sin europäesch Acteuren. Datselwecht gëlt iwregens och fir all ons Deputéiert.
A schliesslech erwaarden ech vun der ganzer Lëtzeburger Politik eng nei Begeeschterung fir den europäesche Friddensprojet, ouni deen onst Land nët liewe kann.





...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners