Auschwitz steet fir de Muerd vu sechs Milliounen Judden, vun honnert dausenden vu Sinti a Roma, Homosexuellen, Mënschen mat Gebriechen an Handicap, d.h. vun all deene Mënschen, déi dem Nazi-Rassenwahn vum völkesch rengen Arier net entsprach hunn.
Auschwitz steet och fir Ausgrenzung, Verdreiwung, Spoliatioun an Entwierdegung vu Mënschen, deenen hir Relioun, hir Kultur, hir Nationalitéit an hir Liewensweis der wäisser Härerass net gefall hunn.
An Auschwitz steet fir den totale Krich an eng erbaarmungslos Diktatur.
Nom zweete Weltkrich huet d’Weltgemeinschaft a besonnesch Europa d‘Theorien, déi zu där Katastroph gefouert hunn, konsequent bekämpft.
Et wär awer eng Illusioun ze mengem, déi wären definitiv ee fir allemol verschwonnen.
Nach ëmmer gëtt et Leit an Europa, déi d’Verbriechen vun den Nazien entschëllegen.
Et ass scho laang keen Tabou méi ze behaapten, et wär den Holocauste iwwerhaapt net ginn. Säit Joerzéngten mécht de Le Pen a Frankräich Witze mat der Vergasung vun de Judden. Seng Partei fënnt dofir Zoustëmmung vun engem Véierel vun de franséische Wieler.
Am haitegem Däitschland si rietsextrem Parteien erëm salonfäeg. Aal an nei Nazien ruffen zum Haass an zu Verbriechen géint Asylanten an Auslänner op.
Jo, et gëtt erëm an europäesche Länner Auslennerhaass, Antisemitismus, extremen Nationalismus an autoritär Parteien.
Elo schonns ass de Krich géint ons fundamental Wäerter am gaangen.
Den islamisteschen Terror féiert e bluddege Krich géint ons frei Zivilisatioun.
Eng rietsextrem Allianz entwéckelt sech géint d’europäesch Unioun vu Frankräich bis Däitschland iwwer Groussbritannien.
Hire Krich gëtt mat infamen Ligen an nationalistescher Hetz gefouert. De Brexit ass d’Resultat dovun. En notzt kengem, och Groussbritannien net, a schued alle Länner vun Europa.
Dat autoritäert Russland wëllt dat freit Europa schwächen an de Kontinent no sengen nationalen Virstellungen ëmkrempelen.
Iwwer Europa ewech gi weltwäit d‘Leit mat falschen Noriichten fanatiséiert. Et sinn gutt organiséiert Internetsitten, déi dëse Krich féieren andeem se an demokratesch Wahlen agräifen.
D’USA ass en erschreckend Beispill dofir, wéi sech iwwer dee Wee eng nationalistesch Politik duerchgesat huet.
All dee Wouscht vun völkeschen, autoritären an nationalisteschen Theorien, deen an den Zwanzeger an drësseger Joren an Däitschland zur Hitlerdiktatur, zum Iwwerfall op kleng a grouss Länner an Europa an zum Holocaust gefouert huet, lieft nach ëmmer weider.
Dofir muss op dësem Gedenkdag ëmmer op en neits gewarnt ginn.
Trotz eenzele Kritiken un der europäescher Zesummenaarbecht musse mer dobäi ëmmer un d’Haaptsaach denken.
Dat ass de Fridden duerch d‘ Zesummeschaffen vun den europäesche Länner. Dat ass d’Sécherheet vun Europa. Dat ass de Respekt vun de Mënscherechter fir e Liewen a Fräiheet, Toleranz a Solidaritéit.