RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Benoît Reiter, 05/11/2018


Listen Later

An der leschter Zäit vergeet bal keng Woch an där een net mat enger grujeleger Neiegkeet iwwer Pädophilie an der kathoulescher Kierch konfrontéiert gëtt. Heiansdo leien dës kriminell Agissementer scho Joerzéngten zeréck, heiansdo sinn se rezent. Munchmol stinn d’pädophil Akte selwer am Mëttelpunkt vum ëffentlechen Interessi, an anere Momenter geet et éischter ëm d’Vertusche vun dëse Verbriechen duerch kierchlech Autoritéiten. Déi ganz kathoulesch Kierch schéngt weltwäit an dësem Sumpf ze stiechen.
Et gëtt een d’Gefill net lass, dass d’kathoulesch Kierch net capabel ass, e klärend Wuert ze spriechen a mat der Kultur vun der Impunitéit opzehalen. D’Kierch misst kloer maachen, dass et inacceptabel war an ass, fir pädophil Verbriechen net de Justizautoritéiten ze mellen. D’Kierch misst sech och Gedanke maachen, iwwert d’Tatsaach, dass si iwwerméisseg vill Männer mat pädophillen Neigungen an hire Reien huet. Firwat ass dat esou ? Wat kann d’Kierch dogéint maachen?
Ech ginn dervun aus, dass bal keen Nolauschterer bis elo net mat mir d’accord war. Dat wat ech gesot hunn, liest een an ähnleche Wieder op ville Plazen. Ech sinn och d’accord mat dësem Constat, soss hätt ech en elo net a mengem Numm op dëser Antenne gesot.
Mee et stéiere mech e puer Saachen un der pauschaler Aart a Weis, wéi iwwer de Sujet « Pädophilie an der Kierch » geschwat a polemiséiert gëtt.
Et entsteet oft den Androck an der ëffentlecher Diskussioun, dass d’kathoulesch Kierch eng Gemeinschaft vun ale pädophille Männer wier. D‘Duerstellunge sinn esou, dass all Geeschtleche quasi ënner Verdacht steet, e Pädophil kënnen ze sinn oder awer seng pädophil Kolleegen ze decken. Dat ass bestëmmt fir déi grouss Majoritéit vun de Geeschtlechen net de Fall. Ech selwer hunn an der Vergaangenheet vill Paschtéier kannt, un déi ech eng gutt Erënnerung hunn an ech kennen der haut och nach vill, déi et net verdéngt hunn, an een Dëppe gehäit ze gi mat Verbriecher. An engem Rechtsstaat ass et dofir net normal, all Leit, déi engem Beruffsstand ugehéieren, ënner Generalverdacht ze stellen. Verbrieche mussen opgekläert ginn a Pädophiller gehéiere bestrooft, awer déi grouss Majoritéit vun de Paschtéier gehéiert net an dës Kategorie.
Dat zweet wat mech stéiert ass, dass d’kathoulesch Kierch als Ganzt just nach ënner dem Bléckwénkel vun der Pädophilie gesi gëtt. Ech soen et nach eng Kéier : Pädophilie ass grav a Pädophiller gehéieren net an eng aner Par versat, mee virun e Geriicht. Mais d’kathoulesch Kierch an d’Chrëschtentum am allgemengen, dierf een net nëmmen - an dat ass meng Usiicht als net gleewegen - an dësem Kader gesinn. De Bäitrag vun der Kierch zur Zivilisatioun an zur Kultur ass gewalteg. Wou wier Europa haut, wann de philosophesche Patrimoine aus der Antiquitéit net an de Kléischter gerett gi wier nom Zesummebroch vum réimesche Räich ? Wéi aarm wier eist kulturellt Liewen haut, ouni de Bäitrag vum Chrëschtentum an der Kierch ? Wat gi mer kucken, wa mer am Ausland ënnerwee sinn ? Kathedralen, Kierchen oder Kléischter sinn ëmmer dobäi. Wat hänkt an eise Muséeën ? Wéi vill Konschtwierker si realiséiert gi fir Kierchen oder sinn inspiréiert vun der Relioun ? An eisem Lëtzebuerger Kader wëll ech just un de kulturellen Apport vun der Abtei vun Iechternach erënneren, oder nach un de Jesuittekolléisch an d’Congrégation Notre-Dame, déi sou villes geleescht hunn an der Educatioun vun de Jongen a Meedercher.
D’Kierch muss sech der Erausfuerderung vun der Pädophilie stellen, awer et dierf een se net op dëse Sujet reduzéieren.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners