RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Benoît Reiter, 11/04/2018


Listen Later

Wuesstem fréier a muer

Wuesstem ass jo näischt soss wéi d’Schafe vu méi materiellem Wuelstand. Et schéngt also iwwert dës Fro vum materielle Wuelstand ze sinn, iwwer déi diskutéiert gëtt.

Ech hu fir d’éischt emol an de Réckspigel gekuckt a mech gefrot, ob et de Leit, déi fréier zu Lëtzebuerg gelieft hunn, da schonn ëmmer materiell gutt gaangen ass? Wéi war et fréier mat Wuesstum a Wuelstand? Lëtzebuerg war ëmmer e batteraarmt Land. Et goufe keng Buedemschätz, ausser Eisenäerz vu relativ schlechter Qualitéit, de Buedem selwer war net besonnesch gutt fir d’Landwirtschaft a Lëtzebuerg war och keng Handelsplaz. Ech hunn un eng Rei vu menge Virfahre geduecht, déi fréier an der selwechter Gemeng gewunnt hunn, wéi ech haut. Elo liewen do e puer dausend Leit an den Awunner geet et gutt. Wëllt ech mat menge Virfahren tauschen? Meng éischt mir bekannten Urur … groussmamm huet um Enn vum 17. Joerhonnert an engem Duerf gewunnt, dat an dëser Zäit nom Enn vum 30jährege Krich total verwüst a verlooss war. D’Awunner waren esou aarm, dass se hir Steiere mol net konnte bezuelen. Am 19. Joerhonnert si meng Virfahren aus deem Duerf iwwer Generatiounen a Frankräich ausgewandert, fir do als Aarbechter Suen ze verdéngen a sech heiheem eng eege bescheiden Existenz opzebauen. Hu mer haut mat eisem Wuelstand net eng eemoleg Chance, déi dës Leit fréier net haten? Ech ka mer dofir bal net virstellen, dass et zu Lëtzebuerg Leit géife ginn, déi sech d’Zoustänn vun de fréiere Joerhonnerten zréck géife wënschen.

Oft gëtt da gemengt, et kéint een décidéieren, dass mer op dem heitejen Niveau vu Wuelstand sollte stoe bleiwen. Just, wéi soll dat konkret goen? Menge mer wierklech, dass sech sou eng Iddi an d’Realitéit ëmsetze léisst?  Gi mer dann dovun aus, dass déi Betriber, déi de Räichtum vun haut produzéieren, fir all Éiwegkeet no deem selwechte Schema weidermaachen an dass mer dofir keng nei Aktivitéite brauchen? Dat kléngt dach fir mech zimlech naiv. Wee kann haut virausgesinn, wéi et mat der Finanzplaz an e puer Joerzéngte steet? Wee weess haut, wéi eng Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg wëllen aktiv ginn, an Zukunft fir Wuelstand suergen oder net? Wéi e Projet wäert Succès hunn a wéi een net? Sinn et d’Jughurtsfabréck oder google, vläicht Entreprisen, déi am space mining schaffen, oder läit eis Zukunft an enger anerer Branche, vun där haut kee schwätzt? Ech kenne keen, deen eng Kristallkugel huet, fir d‘Zukunft virauszegesinn. Et sollt een also vu Steierungsexperimenter léiwer seng Fanger ewech loossen.

Et gëtt a mengen Ae keng realistesch a keng wënschenswäert Alternativ zum Wuesstum. Mee ass et iwwerhaapt de Wuelstand, mat deem mer prinzipiell e Problem hunn? Oder sinn et verschidde Konsequenzen dovun, mat deene mer net eens ginn? Wéi ass et da mam dagdeegleche Stau, mat den héijen Immobiliëpräisser etc.?  Jo, dës Problemer ginn et, mee et ginn och Usätz se ze léisen. Doru muss jiddwer eenzele matschaffen. Just eppes schéngt mer total onméiglech ze sinn. Et kann ee sech net en Idealzoustand schafen, deen da wier e gewëssene materielle Wuelstand, verbonne mat der Gemittlechkeet vu fréier. Mir sollten ophalen vun enger idealiséierter Vergaangenheet ze dreemen, mee dofir eis Zukunft gestalten.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners