RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Benoît Reiter, 11/11/2016


Listen Later

D’Diskussiounskultur zu Lëtzebuerg, oder besser gesot, den ënnerierdeschen Niveau dovun, ass mer an de leschte Wochen déck op d’Nerve gaang. Ech hunn ëmmer méi den Androck, dass mer eis mat Kabes an Niewesächlechkeete befaassen, aplaz mat interessanten a wichtege Sujeten. E puer Beispiller.

Natierlech denken ech als éischt un déi onsäglech Sproochendiskussioun, déi ëmmer erëm opflaamt, zu lescht elo mat enger surrealistescher Iddi fir d’lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch fest ze leeën. Dass dat onsënneg an onméiglech ass, hu scho méi qualifizéiert Leit wéi ech kloer gesot. Mais ech froe mech, firwat mer zu Lëtzebuerg eis Zäit mat esou Iddien an Diskussioune verplemperen ? Firwat vergeude mer eis Energie mat Diskussiounen iwwer de Gebrauch vun enger Sproch, aplaz all déi Sproochen, déi mer méi oder manner gutt praktizéieren, ze gebrauchen, fir dat, woufir Sproochen nun eben emol do sinn : matenee schwätzen, aneren nolauschteren, liesen a selwer schreiwen. Géife mer eis Zäit net besser a sënnvoll notzen, wa mer géifen z.b. Bicher liesen, op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch etc. aplaz permanent doriwwer ze streiden, wéi eng Sproch elo fir wéi en Usage déi bescht ass ?

Zweet Beispill, déi Raibergeschicht ronderëm den Direkter vum Mudam. Ech wäert mech hidden eng Ausso zum Oflaf vun engem Interview ze maachen, ech war net dobäi. Mais et ass mer eigentlech och egal, well et nëmmen déi eppes ugeet, déi betraff sinn. Ginn et net och do, an der Kultur, aner Sujeten, déi 100 mol méi wichteg an interessant sinn, wéi esou en « fait divers » ? Wat kann een dës Woch op der « Luxembourg art week » gesinn ? D’Ausstellunge vum Wim Delvoye am Mudam oder vum Albrecht Bouts um Fëschmaart, d’Mise en Valeur vum Site vum Mansfeldschlass a Clausen etc., dat sinn nëmmen e puer Beispiller vu Sujeten, déi derwäert sinn, dass een sech domat beschäftegt an dovu schwätzt.

Drëtt Beispill, erëm iwwer Persounen, wat mer zu Lëtzebuerg jo immens gär maachen, also de klengen a grousse Beschass. En Ex-Minister soll un d’Spëtzt vun enger Bank genannt ginn, dat géif dann e Wiessel an der Regierung méiglech maachen. D’Saach geet schif an et sief dohi gestallt firwat. Dat gëtt natierlech Ulass zu enger Onmass vu Kommentaren an Interpretatiounen. Elo mol sérieux, who cares ? Ass dat wichteg ? Nee, (et) ass et net. Wier et net néideg, sech och hei net ze verzettelen an Diskussiounen iwwer Persounen, mais sech ze informéieren a sech Gedanken ze maachen, iwwer wichteg Problemer, z.b. déi ekonomesch Zäitbomm, déi d’Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank duerstellt ? Ass dat net méi wichteg an interessant, wéi ze spekuléieren, firwat dass Persoune wollten awer net konnten hiren Job wiesselen ?

Meng Carte blanche war scho fäerdeg, mat engem anere Schluss, wéi ech dann d’Hiobsbotschaft vun der Victoire vum Donald Trump an Amerika héieren hunn. De Lien tëscht eiser Diskussiounskultur an dem Populismus à la sauce Trump ass fir mech evident : wann een déi ëffentlech Diskussioun op de Niveau vun den Humpejangen erof fale léisst a sech vun den Troterbattien d’Sujeten imposéiere léisst, da kënnt eppes wéi den Trump eraus. Dat blitt elo Frankräich. Wéi ass et hei am Land ?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners