RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Colette Flesch, 09/12/2016


Listen Later


Trotz äisegen Temperaturen dobaussen, war et en hëtzege leschte Weekend an Europa. An Italien ass d'Reform vun der Verfassung duerch e glaskloere Nee vum Vollek gekippt ginn, an mat hier d'Regierung vum Premier Renzi, mat allen Froen di dat mat sech bréngt. Zäitgläich huet d'Nopeschland Éisträich mam Alexander van der Bellen endlech en neie President krut.
D'Gefill ofgehaangen ze gi vum sozialen an wirtschaftleche Fortschrëtt, d'Perspektivlosegkeet um Aarbechtsmaart, d'Angscht virun enger Zouwanderung vu Migrante féieren an Europa wéi an Amerika zou engem Malaise deen zum Brexit, der Wahl vum Donald Trump, wéi zum Ausgang vum Referendum an Italien geféiert hunn. Si werfen och hire Schied op d'Wahlen di 2017 an Frankräich an Däitschland ustinn.
Fir bei Éisträich ze bleiwen, et berouegt, datt en europafrëndleche Politiker géint den Rietspopulismus bestoe konnt. An awer bleift, datt dës Presidentschaftswahle keng Stärestonn vun der Demokratie waren.
Ugefaange mat de Wahle selwer: kloer Virschrëfte ware beim Ausziele vum éischte Vote am Mee net agehale gi, esou datt d'Wahlen hunn missen den leschte Sonnde widderholl ginn. Dat dierf an engem Rechtsstaat net passéieren, well demokratesch Wahle mussen iwwer all Zweiwel stoen, wann een d'Demokratie net am Kär well treffen. D'Decisioun vum éisträichesche Verfassungsgeriicht, d'Wahlen ze widderhuele war dofir déi eenzeg richteg. Wat fir eng Legitimitéit hätt soss de neie President gehat?
Keng Glanzleeschtung vu politescher Ausernanersetzung waren awer och d'Konfrontatioune vun de politesche Géigner op der Televisioun. Et deet der Glafwierdegkeet vu Politiker net gutt, wann aplaz vum Austausch vun Argumenter, mat Ënnerstellunge geschafft gëtt an dem Géigeniwwer systematesch Lige virgehäit ginn. No enger méi ewéi penibeler Konfrontatioun bei deem éischte Wahltermin, huet och den leschten Fernseh-Duell net vill Guddes bruecht. Ganzer 24 mol huet den Rietspopulist Hofer sengem politesche Géigner Ligen an Onwourechte virgehäit, ouni dat an iergendenger Form ze beleeën.
Dëst erënnert un déi iwweraus erfollegräich Wahlstrategie vun engem Donald Trump, deen beschtens gewisen huet, ewéi een mat permanenten Ënnerstellungen d'Kredibilitéit vum politesche Géigner kann ënnergruewen. Et ass eng geféierlech Tendenz an onser haiteger Zäit, gestäerkt duerch de Vehikel vun den soziale Medien, datt d'Wourecht ëmmer manner eng Roll spillt.
Besonnesch dramatesch ass dobäi, datt den Niveau vun der politescher Ausernanersetzung sech op d'Stëmmung am Vollek iwwerdréit. Dat huet een net nëmmen an Éisträich, mee och an Italien oder den USA gesinn. An Éisträich op jiddwerfalls huet seelen eng Wahl e Vollek esou gespléckt. Duerfir sinn ech frou, dass dem neigewieltem President seng éischt Prioritéit ass, d'Rëss an der Gesellschaft ze Kitten an d'Vollek erëm zesummen ze féieren. Ech wënschen him derbäi vill Erfolleg!


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners