Den éischt Mee ass den Dag vun der Aarbecht, oder méi prezis den internationale Erënnerungsdag vun den Aarbechter. Et soll d’Solidaritéit tëschent den Aarbechter gefeiert ginn, also ons drun erënneren dass vill vun onsen sozialen Errongenschaften d’Resultater sinn vun laangen Kämpf. Sou munchen Aarbechter huet souguer mat sengem Liewen bezuelt ,vir géint den Misär an d’Exploitatioun an der Aarbechtswelt ze rebelléieren. Den éischten Mee geet zeréck op d’Revendicatioun vun den amerikaneschen Aarbechter aus dem 19 Joerhonnert vir d’8- Stonnewoch anzeféieren. Et sinn d’Gewerkschaften déi dësen Dag quasi als Streikdag, deen all Joer stattfënnt, duerchgesat hunn.
Dëst féiert mech dann zu en puer Gedanken iwwert d’Gewerkschaften. Di mëschten Leit gesinn an de Gewerkschaften haut éischter en Service, vir hier individuell Problemer op der Aarbecht ze léisen. Sou wichteg dat och ass vir d’Aarbechter bei eenzelen Konflikter ze verdeedegen, sou ass dat awer sécher net den eenzegen Grond firwat een Gewerkschaften brauch. Et geet ëm Solidaritéit, an ëm eng gemeinsam Interessevertriedung vis-à-vis vum Patronat. An engem Sozialstaat, deen gutt fonctionnéiert, brauch en Sozialpartner déi am Dialogen, an och mol am Streit, Zukunft gestalten. Dofir ass et och sou wichteg dass d’Gewerkschaften staark sinn, dat heescht en groussen Deel vun den schaffenden Leit hannert sech hunn, wann et drëms geet, vir eng human Aarbechtswelt ze kämpfen.
Den groussen Problem ass natierlech dass sech duerch d’Globaliséierung
d’Kräfteverhältnisser vir déi national organiséiert Gewerkschaften verschlechter hunn. En Deel vun den Patronen an Aktionären, sinn net méi vun hei, an et ass schwierege do um internationalen Niveau den Dialoge ze féieren. Dat heescht och dass mer mussen bereet sinn, ons Solidaritéit auszewäiten, an verstäerkt international ze kämpfen, spréch net nëmmen un onsen Wuelstand ze denken.
Vir dësen Sozialdialog kennen ze féieren, mussen d’Gewerkschaften natierlech kucken och sou weit wei méiglech an allen Secteuren an Beruffskategorien Memberen ze hunn. Och dat ass natierlech haut méi schwiereg. Ëmmer méi Persounen hunn zäitlech begrenzten Kontrakter, schaffen als pseudo-Fräiberuffler, oder hier Situatioun ass esou individuell dass et schwiereg ass nach Solidaritéit opzebauen ,och mat sengem nächsten Aarbechtskolleg.
Sech an enger Gewerkschaft engagéieren kascht natierlech eppes, éischtens mol Zäit, mee dann och en finanziellen Beitrag vir dass Gewerkschaften onofhängeg kennen funktionéieren. Vir vill Läit ass sou en Beitrag absolut ze verquëssen. Mee, vir déi Léit déi just en Minimum verdéngen, an wou all Cent zielt , ass dat natierlech eng richteg Depense. An dann schwätzen mer nach net vun deenen, déi eréischt um Wee sinn vir op den Aarbechtsmaart , Leit mat RMG, Leit am Chômage, Studenten oder Flüchtlingen. Oft sinn et genau déi Persounen déi och herno an deenen Secteuren ufänken wou d’Aarbechtskonditiounen schwiereg sinn, an hier perséinlech Situatioun absolut prekär ass. Wann mer déi Leit och wëllen an den Sozialdialoge abannen, an hinnen eng Chance wëllen ginn, sech an der Aarbechtswelt ze behaapten, mussen mer mol doriwwer nodenken, op mer net als Allgemengheet bereet wären hier Gewerkschaftsbeiträg ze subventionéieren. Well wann wéineg Leit Membere sinn, kennen d’Gewerkschaften net vill maachen. An der Zukunft brauche mir Gewerkschaften déi sech verstäerkt asetzen vir Leit déi keng Aarbecht hunn oder ënnert ontypesche Kontrakter schaffen.
Mäin Opruff un ons all, um Dag no dem eischte Mee : net nëmmen feieren, mä engagéieren. Ufanks d’nächst Joer sinn Sozialwahlen, Zäit vir ons Solidaritéit ze beweisen an deenen Merci ze soen, déi dofir gekämpft hunn dass mir haut korrekt Aarbechtsbedingungen hunn.