RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: De Marx am Mee, 14/05/2018


Listen Later

"Mieux vaut se tromper avec Sartre, que d'avoir raison avec Aron". Esou soten d'Studenten am Mé 68 well se de lénke Sartre, dén sech heiandsdo geiirt huet, léiwer haaten wéi dé rietsen Aron, dén och nët ëmmer Recht haat. Ech war deemols nach ze jonk fir den Optimismus vun 68 ze délen, mé ech sin haut nach nët ze aal fir de Pessimismus vun 2018 ofzeleenen. "Soyons réalistes, demandons l'impossible! L'imagination au pouvoir! Ne pas céder sur son désir ! Sous les pavés la plage! " dat waren nëmmen e puer vun deene sëllechen optimistesche Slogan'en deemols, déi neischt konkret gefuerdert hun, awer alles direkt gewollt hun. Haut leien d'Pavéen an de Petrol op der Plage, an nët d'Imaginatioun, mé d'Rechemaschinn ass un der Muecht. War Mé 68 also neischt aaneres wéi e Brainstorm an engem Humpen ? Loosse mer et esou soen: fir d'Droite huet dé Mé do ze vill bruecht, fir d'Gauche nët genuch.

    Et ass op jidder Fall symptomatesch, dass Frankreich séch esou schwéier deet mat dem 50. Geburdsdag vu Mé 68, wéi Tréier mat dem 200. Geburdsdaaag vum Karl Marx. Um rietse Spektrum gët nët vill Guddes un dém Engen wéi un dem Aanere geloos: de Marx huet de Gulag um Gewëssen, an no 68 huet d'Chienlit sech an der Gesellschaft breet gemaach wéi en Hond a séngem Bett: d'Autoritéit ass futsch, d'Schoul huet seng Basics verroden esou wéi d'Fraen hiert Kachdëppen, an d'Emwelt hoellt sech geschwë méi wichteg wéi de Profit. A séngem Film ass den Andy Bausch woul nët grad esou streng mam Mé 68, mé e reduzéiert en op eng fiicht a lëschteg Party vun e puer Fils à Papa'en, woubei en iwwerseit dat"des petits de bourgeois" nët onbedéngt des Petit-Bourgeois'e sin.  

    Op dem lénke politesche Spektrum par contre ass e frou dass de Marx 2018 am Mé gefeiert gët. Hie war nämlech mam Freud é vun de Modeller vun 68, esou wéi de Voltaire an den Diderot se fir 1789 waren. Fir sie steet de Mythos vun 68 niewt der Révolution Française an dem Venceremos vum Fidel Castro fir d'Romantik an der Revolutioun, och wann sie vill ze oft hir eege an och deenen aaneren hir Kanner frësst. Mir können eis dëser Deeg deene sellechen a kontradiktoresche Bilan'e nët erwieren déi opgestaalt iwer d'Konsequenzen vu Marx a Mé. Eppes könne mer allerdéngs feststellen: se sin allen 2 nët doud, well d'gët nët nemme Guddes iwer se erzielt.

    An hei méi provokative Fazit, frei nom Slogan vun 68: léiwer nostalgesch mat der Gauche, wéi realistesch mat der Droite. Ouder solle mer soen: léiwer produktiv mat dene Lénken, wéi produktivistesch mat deene Rietsen!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners