An senger Ried zum 100. Gebuertsdag vun der FEDIL huet den Nicolas Buck d’Wëssenschaft an d’Technologien zu Schlësselelementer fir d’Zukunft vun der Industrie deklaréiert. Technologie, sou de FEDIL President, baséiert op Wëssen, op wëssenschaftlechen Erkenntnisser. An et bräicht Talent fir d’Wëssenschaft opzebauen an ze verstoen. Talent fir tëscht der Wëssenschaft an den Technologien Brécken ze bauen. Zudeem bräicht et och entreprenariale Geescht an all senge Formen fir erfollegräich nei Technologien an d’Economie anzeféieren.
Ech ginn dem Nicolas Buck zu 100% Recht – déi Haaptressource vum Land, déi fir d’Zukunft vum Land wesentlech ass, ass d‘Matière grise op der enger Säit, an den Esprit entrepreneurial op der anerer Säit. De wëssenschaftleche Secteur huet sech an den leschten zwee Joerzéngten enorm entwéckelt. Regierungsiwergreifend gouf et ëmmer e Konsens, dat d’Wëssenschaft an d’Fuerschung fir déi zukünfteg Entwécklung vum Land eng wichteg Roll spillen. Dat ënnersträichen déi konstant steigend budgetär Moyen déi vun de Regierungen an dëse Secteur investéiert goufen. Zulescht nach ze gesinn, an de 4-Jorespläng mat den ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen, déi kierzlech ënnerschriwwe goufen, an wou global d’Budgete nach eng Kéier ëm 25% steigen.
D’Situatioun zu Lëtzebuerg ass an deem Sënn eenzegaarteg an Europa. Konstant finanziell Investitiounen vun ëffentlecher Säit an excellent Infrastrukturen déi et erméiglechen, an eenzelen Domainen zu Championen ze ginn. Eng Entwécklung déi och breet vun den Awunner gedroen gëtt, wei ee representativen Sondage Ufank 2017 et ënnersträicht. An dësem Sondage revendiquéieren 56% vun den Befrotenen méi Investissementer en d’Fuerschung, an 60% fannen dat d’Fuerschung de Wëssensstand steigert, esouguer wann se net direkt praktesch Retombéeë generéiert.
Et gesäit also roseg aus fir Lëtzebuerg zu deem Standuert fir Innovatioun an Wëssensgesellschaft ze formen dee mer ustriewen. Leider gëtt et awer och eng Wollek um Himmel, an zwar eng däischter: mir bréngen et net fäerdeg fir genuch Jonker fir Carrièren am Beräich vun den Sciences, Technik an Informatik ze begeeschteren.
Firwat dat esou ass, dofir ginn et secher villfälteg Grënn:
En Schoulsystem, deen déi Fächer villäicht nach en bësschen ze vill stiefmütterlech behandelt, trotz deenen villen Efforten déi grad an den leschten Joren gemaach goufen.
Eng schonn bal deloyal Konkurrenz vun der Fonction publique, wou et vir Lëtzebuerger méi gemittlech ass ewéi an der Privatwirtschaft.
d’Tatsaach och dass vill Jonker sech net bewosst sinn, dass eng Partie Beruffer déi haut nach attraktiv schéngen (z.B am Finanz- an Bankesecteur) duerch d’digital Transformatioun sech wäerten komplett veränneren oder esouguer verschwannen.
Wann mer et net fäerdeg bréngen ons beschten jonk Männer, an virun allem och Fraen, fir Fuerschung, Wëssenschaft, Technik an Entreprenariat ze begeeschteren an ze gewannen, dann wäerten mer d’Visioun vun der Wëssensekonomie net kënnen zu Lëtzebuerg ëmsetzen, trotz villen Suen an modernen Infrastrukturen.