Brexit
De Statec huet viru kuerzem een Artikel verëffentlecht, wou d'Konsequenze vum Brexit op Lëtzebuerger Ekonomie analyséiert gi sinn. Wat waren dann déi grouss Conclusiounen?
Als éischte Punkt, wären d'Konsequenze vun engem Brexit – engem sougenannte „haarde Brexit“ – op ons Ekonomie éischter negativ.
Tëschent England a Lëtzebuerg, déi virun allem an der Finanzbranche enk verbonne sinn, kéinten d’Exporter vu lëtzebuergesche Finanzdéngschtleeschtungen an England em 350 Milliounen Euro falen. De Statec geet dovunner aus, dat dëst en negativen Impakt vun 1.600 Platzen op ons d’Land kéint hunn, dovunner 600 am Finanzsecteur.
Des negativ Konsequenze sinn awer och ze relativéieren, well op der aner Säit, kéinten déi aktuell Verhandlungen em de Brexit och positiv Effeten op Lëtzebuerg hunn.
Wourop wären des positiv Konsequenzen dann zeréck ze feieren?
Bei engem haarde Brexit, géif England aus dem europäesche Bannemaart austrieden. Domadder géifen och verschidde Finanzdéngschtleeschter hire „europäesche Pass“ verléieren, mat dem se hier Servicer kennen onbürokratesch an aner europäesche Länner ubidden. Hei ass d’Chance fir Lëtzebuerg, andeems déi englesch Gesellschaften eng Entitéit zu Lëtzebuerg opmaachen an hier Servicer iwwert Lëtzebuerg vermaarten.
Lëtzebuerg huet hei virun allem bei de Fongen an der Verméigensverwaltung eng gutt Kaart ze spillen. Allerdéngs schlofen déi aner Finanzplazen net, a Stied wie Frankfurt, Dublin, Paräis oder Amsterdam versichen sech och als „England-Alternativ“ ze positionéieren.
Positiv ass bis elo, dat virun kuerzem zwou grouss englesch Banke schonn deklaréiert hunn, hier Aktivitéiten iwwert Lëtzebuerg auszebauen.